Giordano Bruno

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Giordano Bruno
Giordano Bruno.jpg
Gebuertsnumm Filippo Bruno
Gebuer Januar. 1548 (Julian)
Nola
Gestuerwen 17. Februar 1600
Roum
Nationalitéit Kinnekräich Neapel
Educatioun Universitéit Federico II zu Neapel
Aktivitéit Astronom, Philosoph, Dichter, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Astrolog, Mathematiker, Priister
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Giordano Bruno, gebuer am Januar 1548 zu Nola an Italien, a gestuerwen de 17. Februar 1600 zu Roum, war en italieenesche Philosoph an Dichter.

De Bruno huet d'Onendlechkeet vum Weltraum postuléiert a sech domat géint déi gängeg Meenung vun där Zäit vun enger a Sphären ënnerglidderter geozentrescher Welt gestallt. Wat deemools awer nach méi uerg war, dat war datt seng Theese vun enger onendlecher Welt d'Personalitéit vu Gott a Fro gestallt hunn, an datt hie sech ganz negativ iwwer de Jesus Christus ausgedréckt huet.

Hie gouf dofir jorelaang vun den Inquisiteuren an der Engelsbuerg agespaart an zum Schluss als Ketzer verurteelt an du verbrannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Giordano Bruno – Biller, Videoen oder Audiodateien