Beginen

Vu Wikipedia
Zeechnung vun enger Begine (1489)
D'Beginen vu Goes beim Kierchendéngscht (1900)
Fernseesbäitrag iwwer d'Begine vu Breda (1973)
Beginenhaff zu Kortrijk (2007)

Beginen nennt ee Fraen, meeschtens Jofferen oder Wittfraen, déi e Liewen an enger Tëscheform vu Laien an Nonne gewielt hunn.

Dacks hu se e Keuchheetsschwuer ofgeluecht, heiansdo en Aarmuttsschwuer, mee eng obligatoresch e gouf et net an et konnt een och erëm austrieden. Vill hunn der a klenge Gemeinschafte mat individuellen Häipe ronderëm eng Kapell oder Parkierch gewunnt, anerer sinn an hirer Famill bliwwen.

D'männlecht Géigestéck waren d'Begarden, mä där gouf et der rose wéineg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dës Aart vu spirituellem Liewen ass um Enn vum 12. Joerhonnert warscheinlech zu Léck oder Nivelles opkomm an hat hir Héichzäit an den nächsten 200-300 Joer an Nordwesteuropa (haaptsächlech um Gebitt vum haitegen Holland, Belsch, Lëtzebuerg, Nordfrankräich a Nordrhein-Westfalen).

Et gouf an där Zäit allgemeng en neit Opkomme vun der Spiritualitéit. Dozou koum zum Deel sécher och, datt et no de Kräizzich eng weiblech Iwwerbevëlkerung gouf an d'Kléischter voll waren.

Den Urspronk vum Begrëff ass onkloer, all Erklärungsversich bis ewell hu sech als falsch oder komplett onsécher erwisen. Et ass awer unzehuelen, datt de Begrëff uganks éischter pejorativ conotéiert war a vu bausse komm, si selwer hu sech einfach Schwëstere genannt ier se am 15. Joerhonnert de Begrëff Begine fir sech selwer ugeholl hunn.

Well d'Beginen normalerweis net bestuet awer och keng Nonne waren déi dem Klerus ënnerstoungen, a se duerch eegen Aarbecht oder Done fir sech selwer gesuergt hunn, en plus nach ouni onbedéngt Reegelen ënnerworf ze sinn, si se verschiddene suspekt virkomm an et koum och zu Verfollgungen, wann och éischter seelen. Trotzdeem hunn am 15. Joerhonnert méi a méi Beginegemeinschaften ugefaangen, sech zu Drëttuerden ëmzewandelen, d.h. si hu sech engem vun de groussen Uerden offiziell ugeschloss, mee si hunn net missen an engem Klouschter liewen an hunn och soss relativ vill Fräiheete behalen.

A Flandern dogéint hat d'Beweegung nach méi laang Zoulaf, a sou war et och do, fir genee ze sinn zu Kortrijk, datt 2013 déi lescht Begine gestuerwen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beghards and Beguines – Biller, Videoen oder Audiodateien