Jan Hus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jan Hus, gemoolt vum vum Johann Agricola, 1562.
Den Hus gëtt higeriicht; Spiezer Chronik, 1485.

De Jan Hus (och Johannes Huss genannt), gebuer ëm 1369, neie Quellen no den 1. Juli 1372, wahrscheinlech zu Husinec, Okres Prachatice, haut an Tschechien, a gestuerwen de 6. Juli 1415 zu Konstanz, war e chrëschtlechen Theolog, Priedeger a Reformateur.

Hie war eng Zäit laang Rekter vun der Karls-Universitéit Prag, wou en och Philosophie an Theologie enseignéiert huet.

Hien huet 1402 agefouert, datt Lidder an de Massen op Tschechesch gesonge goufen. Ausserdeem huet hien eng Reform vun der Schreifweis vum Tschecheschen ausgeschafft. A senge Priedegten huet hie fir géint déi ondugend "modern" Mouden a Liewensweise gepriedegt, a sech sou mat den Zënft vun de Schouster, Goldschmëdd, Wäinhhändler a Wierten an d'Hoer kritt.

Hien huet och géint de weltleche Räichtum vun der Kierch gepriedegt, géint de Gascht an d'Dekadenz vum Klerus. Hien huet fir eng Reform vun der verweltlechter Kierch gekämpft, ass fir d'Gewëssensfräiheet agetrueden an huet d'Bibel,an net de Poopst, als déi eenzeg Autoritéit a Glawensfroen ugesinn.

1408 huet seng Hierarchie him verbueden, weider Massen ze halen an ze priedegen. Den Hus huet sech awer net dodru gehalen a weidergemaach; an ëmmer méi Leit a Béimen fonnt, déi him nolauschtere koumen a seng Vuë gedeelt hunn.

De Prager Äerzbëschof huet sech dem Poopst Alexander V., engem vun den deemools dräi Peepst, ënnerworf, an als "Belounung" eng Bull erwierkt, déi den 9. Mäerz 1410 publizéiert gouf. Domat goufe Schrëften an d'Léiermeenunge vum John Wyclif verbueden, un deem sech den Hus staark orientéiert huet. Am Juli 1410 gouf den Hus aus der Kierch ausgeschloss an am Februar 1411 exkommunizéiert an aus Prag erausgehäit.

Well hien ënner der Protektioun vum Kinnek stoung, konnt hien awer nach a puer Joer laang weider seng These verbreeden. Hie war staark beléift beim Vollek. 1412 huet hien och dem Poopst Johannes XXIII. seng Bullen iwwer d'Kräizzich an den Ablass a senge Priedegten ugegraff, wouropshin en a Liewensgefor war an huet misse fortlafen. Bis 1414 huet hien a Südbéimen op der "Geessebuerg" (Kozí Hrádek) gelieft an op der Buerg Krakovec a Mëttelbéimen. Do huet hien eng Rëtsch vu senge Wierker geschriwwen an un der Iwwersetzung vun der Bibel op Tschechesch matgeschafft. Vu 1413 un ass hien als Wanderpriedeger uechter d'Land gezunn.

1414 huet d'Konzil vu Konstanz sech mat den Onrouen, déi duerch seng Léieren entstane waren, befaasst. De Keeser Sigismund huet dem Hus e "séchere Wee" (salvus conductus) fir seng Rees hin an zréck a fir d'Zäit vu sengem Openthalt versprach. Den Hus koum den 3. November zu Konstanz un. Den 28. November gouf e gefaange geholl an a verschiddene Prisongen agespaart, respektiv och gefoltert. De Sigismund soll zwar rosen driwwer gewiescht sinn, datt seng Garantie net agehale gi war, en huet awer näischt gemaach, fir dem Hus ze hëllefen. Hie war drop aus, d'Kroun als béimesche Kinnek vu sengem Brudder Wenzel ze ierwen, a wollt sech dofir e Ruff als dee maachen, deen d'Opstänn a Béimen gezësst hätt. Kuerzerhand gouf dem Huss seng Garantie zréckgezunn, well en net wollt op Distanz zu sengen Aussoe goen, an deemno d'Kierchlech Justiz iwwer hien ze uerteelen hätt, an net déi weltlech.

De 6. Juli 1415 gouf den Hus als Heretiker zum Doud duerch Verbrenne veruerteelt, wat nach deen Dag selwer am Brill virun der Stadmauer geschouch. Seng Äsche goufen an de Rhäin geschott.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

D'Exekutioun vum Hus huet déi Éischt Prager Defenestratioun an d'Hussitenkricher (1419–1434) declenchéiert. Et gouf fënnef Kräizzich géint déi opstränneg Taboriten gefouert. Duerch déi Kricher goufe grouss Deeler vum haitegen Tschechien, ma och an den Nopeschlänner, zerstéiert.

Wierker (mat a Klameren der däitscher Iwwersetzung)[änneren | Quelltext änneren]

  • Výklad Viery, Desatera a Páteře (Auslegung des Glaubens, der Zehn Gebote und des Vaterunsers). 1412.
  • Výklad Viery, Desatera božieho přikazanie a modlitby páně (Auslegung des Glaubens, der Zehn Gebote und des Vaterunsers). 1412.
  • Katecheteschen Text. 1520 posthum erauskomm; gouf op der Buerg Kozí Hrádek geschriwwen.
  • Dcerka (Töchterchen). 1412.
  • Knížky o svatokupectví (Büchlein über die Simonie). 1413.
  • Postila aneb Vyloženie svatých čteni nedĕlních (Postille oder Auslegung der heiligen Lesungen zum Sonntag). 1413.
  • O šesti bludiech (Über die sechs Irrtümer). 1413.
  • De ecclesia (Über die Kirche, tschechiech O církvi).
  • De ortographia Bohemica (Über die tschechische Rechtschreibung, tschechesch O českém pravopise).
  • De Causa Boemica, Paulus Constantius, Vulgo refragari quosdam celeberrimi, Constantiensis Concilii sententiae,qua, Hvssitae, damnati sunt, constat.Quare uisum est, mihi hũc ea de re in lucem edere librum, [...] . Hagenau: Anshelm, Thomas, 1520. (digitalisiéert)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ferdinand Seibt (Hrsg.): Jan Hus zwischen Zeiten, Völkern, Konfessionen. Vorträge des internationalen Symposions in Bayreuth vom 22. bis 26. September 1993. Oldenbourg, München 1997, ISBN 3-486-56149-9.
  • František Šmahel: Die Hussitische Revolution (Originaltitel: Husitská revoluce, aus dem Tschechischen übersetzt von Thomas Krzenck. Redaktion: Alexander Patschovsky) Band 1–3; In: Schriften der Monumenta Germaniae Historica. Band 43; Hahn, Hannover 2002, ISBN 3-7752-5443-9.
  • Pavel Soukup: Jan Hus. Prediger - Reformator - Märtyr. Kohlhammer, Stuttgart 2014, ISBN 9783170215146.
  • André Vauchez: Protest- und Häresiebewegungen in der römischen Kirche. In: Bernhard Schimmelpfennig (Hrsg.): Mittelalter, die Zeit der Zerreißproben. Herder, Freiburg in Breisgau / Basel / Wien 1991, S. 315–348, ISBN 3-451-22256-6 (= Die Geschichte des Christentums, Band 6).
  • Ernst Werner: Jan Hus. Welt und Umwelt eines Prager Frühreformators. Böhlau, Weimar 1991, ISBN 3-7400-0129-1 (= Forschungen zur mittelalterlichen Geschichte, Band 34).
  • Jarold K. Zeman: The Hussite Movement and the Reformation in Bohemia, Moravia and Slovakia (1350–1650). A Bibliographic Study Guide with Particular Reference to Resources in North America. Michigan Slavic Publications, Ann Arbor, MI 1977, ISBN 0-930042-00-X. (englisch)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jan Hus – Biller, Videoen oder Audiodateien