Kriminologie
Mat Kriminologie gëtt d'Wëssenschaft vum Verbrieche bezeechent. Haaptsächlech ginn d'Ursaachen an d'Erscheinungsforme vum Verbriechen ënnersicht.
Primäert Zil vun der Kriminologie ass et also, abstrakt (d. h. net op e bestëmmte Fall bezunnen) Erkenntnesser iwwer d'Ursaachen an déi verschidde Forme vun der Kriminalitéit ze gewannen. D'Kriminologie ëmfaasst besonneg d'Kriminalitéitstheorien an de Beräich iwwer de Sënn vun der Strof fir e Verbriechen.
Et gëtt zwéi verschidde Weeër, fir d'Ursaache vun de Verbriechen z'erfuerschen: de quantitativen an de qualitative Wee.
Wichteg Beräicher, déi mat der Kriminologie zesummenhängen, sinn d'Psychologie, d'Pedagogik, d'Sociologie an den Droit.
Beräicher[änneren | Quelltext änneren]
Weider Beräicher, déi mat Kriminologie ze dinn hunn, sinn: