Kriminalitéit

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Kriminalitéit (lat.: crimen, Ukloen, Schold, Verbriechen) orientéiert sech haaptsächlech un der juristescher Definitioun vun enger Strofdot, woubäi d'Kriminalitéit awer éischter als Gesamtphenomeen ugesi gëtt an eng Strofdot éischter individuell ass.

D'Kriminalitéit an engem Land (taux de crimininalité) ass staark ofhängeg vun der Gesetzgebung vun deem Land. Als Beispill kann en do d'Drogegesetzer uginn. Verschidde Länner hunn do méi streng, anerer méi large Gesetzer, wat soe wëllt, datt wat en an engem Land verbrécht, an engem aneren net als Verbriechen ugesi gëtt.

Aner Beispiller vun de verschiddene Staatsopfaassungen iwwer Kriminalitéit sinn déi, datt z. B. potentiell Mäerder, déi am Optrag vun engem Geheimdéngscht schaffen, vum Staat, fir dee se den Uerder ausféieren, geéiert ginn, wa s'awer dobäi an engem anere Staat erwëscht ginn, kann et sinn, datt se gekäppt ginn.

De Gesamtphenomeen Kriminalitéit hänkt leschtenends sou zum groussen Deel vun der Legislatioun an der sozialer Struktur vun engem Land of an huet sech am Laf vun de Joerhonnerte staark verännert.

Dobäi däerf een de reliéisen a rituellen Afloss op d'Gesetzgebung net vergiessen, deen net ëmmer positiv ass. Excisioun oder aner rituell Kierperverstümmlunge ginn an héich ziviliséierte Länner als kriminell ugesinn, wärend an deene Länner, wou se praktizéiert ginn, meeschtens keng legal Basis besteet fir dogéint virzegoen oder, wann et s'och nach gëtt, d'Executiv net amstand ass fir s'ëmzesetzen an de Wëllen dofir och net do ass, well et net der Mentalitéit vun der Bevëlkerung entsprécht.

Vum soziologesche Standpunkt aus gesinn, gëtt déi kriminell Dot net duerch d'Dot u sech bestëmmt. Den individuelle Kriminelle gëtt dat an deem Moment, wou e vun engem Geriicht schëlleg gesprach gëtt. Dobäi gëtt d'Gravitéit vun der Dot nach no verschiddene Facteuren analyséiert, z. B. op en zourechnungsfäeg ass oder net.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kriminalitéit – Biller, Videoen oder Audiodateien