Stéphanie vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Stéphanie vu Lëtzebuerg (2013)

D'Stéphanie vu Lëtzebuerg, gebuer den 18. Februar 1984 als Gräfin Stéphanie Marie Claudine Christine de Lannoy zu Ronse an der Belsch, ass d'Fra vum lëtzebuergeschen Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg an domat déi zukënfteg Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

D'Stéphanie de Lannoy ass dat aacht a jéngste Kand vum Grof Philippe de Lannoy an der Gräfin, gebuer Alix della Faille de Leverghem (1941-2012)[1]. Si ass um Familljesëtz zu Anvaing an der belscher Provënz Hainaut, no bei Ronse, opgewuess.

D'Verlobung mam Ierfgroussherzog Guillaume war de 27. Abrëll 2012 zu Lëtzebuerg. Virun hirer Hochzäit mam Ierfgroussherzog Guillaume huet se duerch e Spezialgesetz déi lëtzebuergesch Nationalitéit kritt[2] . Déi zivil Hochzäit war den 19. Oktober 2012 am Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg duerch de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel. Déi kierchlech Feier war den 20. Oktober 2012 an der Kathedral vun der Stad Lëtzebuerg duerch den Äerzbëschof Hollerich.

Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

D'Stéphanie de Lannoy ass zu Ronse an d'Primärschoul Sancta Maria gaangen. Duerno huet si 2 Joer Sekundarstudien am Collège Sainte-Odile zu Lambersart an Nordfrankräich gemaach, déi se dunn zu Bréissel am Institut de la Vierge Fidèle kompletéiert huet wou si och 2002 hiren Ofschlossdiplom krut.

Mat 18 Joer war si e Joer zu Moskau fir Russesch Literatur ze studéieren. Do huet se och hir Praxis am Geiespill verdéift.

Am Uschloss huet si op der Universitéit vu Louvain-la-Neuve Germanistik studéiert an hiren Ofschloss mat grousser Auszeechnung gemaach. Si huet hir Studien nach zu Berlin vervollstännegt mat enger Ofschlossaarbecht iwwer den Afloss vun der däitscher Romantik op déi russesch Romantik, an duerno e Stage bei der Agence Wallonne à l'Exportation bei der belscher Ambassade zu Berlin gemaach.

Zréck an der Belsch huet si fir eng Investissementsgesellschaft geschafft.

D'lëtzebuergesch Branche vun der Famill de Lannoy[änneren | Quelltext änneren]

Bis an d'19. Joerhonnert gouf et eng lëtzebuergesch Branche vun der Famill de Lannoy. Si geet zréck op de Claude de Lannoy, dee sech 1617 mat der Claudine d'Eltz bestuet hat. Si war d'Duechter vum Godefroid d'Eltz an der Elisabeth de Heu, déi d'Schlass an d'Herrschaft vu Klierf nom Doud vun hirem Papp, dem Gaspar de Heu vu Beefort, geierft hat.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Wort.lu: D'Gräfin Alix della Faille de Leverghem ass de 26. August 2012 gestuerwen.
  2. Gesetz vum 15. Oktober 2012
  3. Anonym, 2012. La famille de la future Grande-Duchesse et le Luxembourg: des liens très anciens. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 87 (4. Mee), S. 24.
    Koltz, J.P., 1975. Les châteaux historiques du Luxembourg. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, S. 90.