Diskussioun:Stéphanie vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ginn et Referenzen dass dee Collège Sainte-Odile wierklech zu Lambersart ass? Et gin nämlech zwou Schoulen mat deem Numm am Norde vu Frankräich: Institution Sainte Odile, Lambersart Collège Sainte Odile, Courset --MMFE (Diskussioun) 16:04, 3. Mee 2012 (UTC):[äntweren]

Moien,
Courset ass net am Nord mais am Pas-de-Calais. Ech kucken awer fir do nach méi gewuer ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 18:00, 3. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
Moien,
Ok, ech wousst net dass mat Nord den Numm vun engem Departement gemengt ass. Dat ass jo e gudd Argument fir Lambersart. --MMFE (Diskussioun) 18:23, 3. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

"Meederchersnumm" vs eng Zort Titel (?)[Quelltext änneren]

Moien,

den Artikel gouf kierzlech vu "Stéphanie de Lannoy" op "Stéphanie vu Lëtzebuerg" geréckelt.

Ech si mer bei där Saach awer net esou sécher: Hire "Meederchersnumm" ass "de Lannoy", a souwäit ech weess, ass nom Lëtzebuerger Code civil den Numm onverännerlech, d.h. "offiziell" behält eng Fra deen hiert Liewe laang, egal ob a wéi dacks se bestuet ass. Mee vläit huet si den Titel "de Luxembourg" kritt, duerch hiert Bestietnes? (Da misst ee wësse wéi a wou - an hirem op d'Mooss geschneiderte Naturaliséierungsgesetz steet do näischt dervun). An och hir Schwéiermamm ass ënnert hirem Gebuertsnumm lemmatisiéiert. Dofir géif ech proposéieren, de Lemma emol esou ze loosse, wéi e war ("Stéphanie de Lannoy"), ier et fir "vu Lëtzebuerg" méi Präzises gëtt. Oder weess een do méi?

--Zinneke (Diskussioun) 09:45, 22. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech verweisen drop datt eis Groussherzogin ënnert hirem Numm Maria Teresa Mestre hei gefouert gëtt. An deem Sënn gëtt et och d'Joséphine-Charlotte vun der Belsch, de Felix vu Bourbon-Parma an d'Maria Ana vu Bragança (1861). Ech ginn dofir dem Zinneke recht, datt eis Ierfgroussherzogin ënnert "Stéphanie de Lannoy" lemmatiséiert bleiwe soll. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 16:33, 22. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Wa mer dat mam adlege Jossel esou halen, da sinn och ech derfir dat beim Ste esou bäizebehalen. --Otets 16:43, 22. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech hunn déi Ännerung do gemaach, nodeems ech festgestallt hunn, dass eis grouss Nopesch-Wikien (en, de) an e puer anerer méi klenger dat och esou gemaach hunn. Déi sinn am Allgemenge bei esou Artikele besser informéiert wéi mir an ech hu gemengt et wier besser, a méi eenheetlech, deeselwechte Lemma ze huelen wéi di aner. Ech weess dat een net ëmmer alles muss nomaachen, mä an dësem Fall huet et mer awer sënnvoll geschéngt.
Also maacht domat wat der wëllt, ech hu keng Loscht op laang a sënnlos Diskussiounen. --MMFE (Diskussioun) 20:27, 22. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]