Schlass Klierf

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Schlass zu Klierf (2010)
Den Agank an d'Schlass

D'Schlass zu Klierf gouf op engem Fielsvirspronk, der sougenannter Lay, gebaut; wéini fir d'éischt, ass net bekannt. Am 12. Joerhonnert gouf deen eelsten Deel, de westleche Fligel mam Härenhaus vum Grof Gérard vu Sponheim, engem Brudder vum Grof vu Veianen, gebaut.

Am Ufank vum 15. Joerhonnert gouf d'Buerg ënner der Famill vu Branebuerg staark ausgebaut. Op der Südsäit gouf de burgundeschen Tuerm gebaut, an e bësse méi spéit weider Wunnraim a Kelleren, an och de sougenannten Hexentuerm. 1634 huet de Claude de Lannoy d'Eltz Ställ a kleng Wunnraim op der Nordsäit ofrappen an duerch grouss Receptiounsraim, dorënner de Rittersall am flämesch-spuenesche Stil ersetze gelooss.

1659 goufen am éischte Schlasshaff, ënner dem Albert Eugène de Lannoy, an d'Plaz vun enger aler Kierch, Wirtschaftsgebaier, Scheieren a Ställ gebaut, a 1671 virun der Entrée e Portiershaischen. 1721 gouf lénks nieft dem Hexentuerm e Päerdsstall ugeluecht.

1887 huet de Grof vu Vaouerscht d'Gebaier vun 1659 ofrappen a mat de Steng dovun, vis-à-vis am Park, en herrschaftlecht Haus baue gelooss, an deem fréier den Hôtel du Parc war.

1927 huet e Privatmann d'Buerg kaaft. Déi ass an der Ardennenoffensiv bis op d'Mauere verbrannt. De Lëtzebuerger Staat huet se nom Krich opkaaft a restauréiere gelooss.

D'Schlass a säi Site sinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument agedroen.[1]

D'Buerg haut[änneren | Quelltext änneren]

Haut sinn an der Buerg 3 permanent Ausstellungen ze gesinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Historesch Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État: Communes de A à C. (Lescht Versioun vum 2. Abrëll 2019).