Centre culturel A.S. Pouchkine

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Centre Pouchkine)

De Centre Culturel A. S. Pouchkine ass e Kulturzenter fir russesch Kultur a Sprooch zu Lëtzebuerg.

E gëtt zanter 1974, wou e gegrënnt gouf, vun der Association Luxembourg-Russie gefouert, enger A.s.b.l., déi 1932 als Association Luxembourg-URSS gegrënnt gi war.

Presidente waren, respektiv ass, d'Rosemarie Kieffer (1974-1992), d'Anise Koltz (1992-1999) an zanter 1999 de Jeff Speres.

Nieft Ausstellungen, Konferenzen, Concerten, kullinareschen Deeg a soss Aktivitéiten organiséiert de Centre Pouchkine Sproochcoursë fir Russesch ze léieren an ënnerhält eng Bibliothéik vun eppes 4.000 Bicher.

Genannt ass de Kulturzentrum nom russesche Schrëftsteller Alexander Sergejewitsch Puschkin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]