Anise Koltz

Vu Wikipedia
Anise Koltz
Gebuertsnumm Lucie Anne Blanpain
Gebuer 12. Juni 1928
Eech
Gestuerwen 1. Mäerz 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Iwwersetzer
Member vun Académie Mallarmé, Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal
Famill
Bestuet mat René Koltz
Papp Raymond Hubert Blanpain
Mamm Suzy Mayrisch

D'Anise Koltz (Meederchersnumm Blanpain), gebuer den 12. Juni 1928 zu Eech, a gestuerwen den 1. Mäerz 2023[1], war eng lëtzebuergesch[2] Schrëftstellerin.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

D'Anise Koltz huet hire Lycée tëscht 1940 an 1947 gemaach.

Si war Matgrënnerin an Organisatrice vun de Munnerëffer Dichterdeeg, déi vun 1963 bis 1974 a vun 1995-2001 lëtzebuergesch an auslännesch Auteuren, virun allem däitscher a franséischer, zu Munneref zesummebruecht hunn.

Vun 1972 bis 1975 war d'Anise Koltz Bibliothecairin an der Thomas-Mann-Bibliothéik[3], déi lëtzebuergesch Filial vum Goethe-Institut.

D'Anise Koltz war mam René Koltz bestuet an ass d'Mamm vum Jean Luc Koltz an d'Groussmamm vun der Beryl Koltz.

D'Anise Koltz war Member vun:

Der Anise Koltz hir Sprooch(en)[änneren | Quelltext änneren]

D'Besatzungszäit huet et mat sech bruecht, datt d'Anise Koltz sech als Schülerin huet misse méi intensiv mat der däitscher Sprooch a Literatur befaassen. Dohier kënnt et, datt hir éischt Wierker op Däitsch geschriwwe sinn.

1971 ass hire Mann René Koltz un de Follge vun de Folterungen duerch d'Nazie gestuerwen.[Source?]

Déi zwee Elementer erklären déi schwiereg Relatioun vun der Anise Koltz zur Sprooch, besonnesch zur däitscher Sprooch. Progressiv huet si ëmmer méi seelen op Däitsch geschriwwen, fir an den 1980er Joren déi Sprooch komplett falen ze loossen a just nach op Franséisch ze schreiwen.

Hir Sprooch ass parallel dozou méi schaarf a méi batter ginn, markéiert vu Roserei, déi hiert Wierk doduerch erëm méi no un déi däitsch Literatur bruecht huet[4]. Heira läit ouni Zweiwel d'Originalitéit vun hirem Stil, vun deem hei dräi Beispiller presentéiert ginn:

Beispill 1     Beispill 2     Beispill 3[5]
Casser le mot
comme une noix
en extraire le noyau
le broyer entre les dents
le recracher au poème
Je suis Jonas, écrit-elle
enfermé dans sa chair
se noyant
dans son sang
Mon corps est chaud
comme le seuil d'une église
Quand tu entres en moi
la bible divague

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literaturpräisser[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[6][änneren | Quelltext änneren]

Rose Anise Koltz Poète[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Geleeënheet vun hirem 90. Gebuertsdag gouf op d'Initiative hi vun der Associatioun Patrimoine roses pour le Luxembourg asbl am Rousegaart vum Thermalbad zu Munneref eng Rousevariétéit mam Numm Anise Koltz Poète gedeeft. Den Dafzertificat gouf am Juli 2018 an der Nationalbibliothéik déponéiert.[8]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Blumenwiese und andere Märchen. 1953. 32 S. Die kleine Heimat-Bücherei Nr 6. Pierre Linden, Lëtzebuerg. [Die Blumenwiese; Das Märchen von der Geige; Die Tauperle; Die singenden Blumen; Die Legende vom Herbst; Der Knabe und die Seifenblasen]
  • Märchen. 1957. 91 S. Pflichtbücher Band 12, Verlag "de Frendeskrés", Sankt-Paulus-Dr., Lëtzebuerg.
  • Heimatlos. Gedichte. 1959. Lëtzebuerg. [2007 vertount vum lëtzebuergesche Komponist Pierre Even]
  • Der Wolkenschimmel und andere Erzählungen. 1960. 30 S. Die kleine Heimat-Bücherei Nr 13. Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  • Spuren nach innen. 21 Gedichte. 1960. Zeichnungen von Joseph Probst. Bourg-Bourger, Lëtzebuerg.
  • D'Krëschtkënnchen kënnt. 1964. Biller vum Jean an Anise Koltz. Sankt-Paulus Dr., Lëtzebuerg.
  • Steine und Vögel. Gedichte. 1964. 45 S. Bechtle Lyrik Band 8. Bechtle Verl., München/Esslingen
  • Den Tag vergraben. 1969. 45 S. Bechtle Lyrik Band 19. Bechtle Verl., München.
  • Fragmente aus Babylon. Gedichte. 1973. 59 S. Delp'sche Verlagsbuchhandlung, München.
  • De Clown. 1975. Lëtzeburger Kannerbuch geschriwwen a gemoolt vum Anise Koltz. Impr. Kremer-Müller, Esch-Uelzecht.
  • Le jour inventé. 1975. 62 p. Ill. de Hap Grieshaber. Coll. Poésie sans frontière. Librairie Saint-Germain-des-Près, Paris.
  • Ailes de couteau. Poèmes inédits. 1978. 34 S. Couverture par Anna Recker. Éditions du centre culturel, Déifferdeng.
  • Le temps passe. Texte inédit. 1978. Avec une eau forte de Léon Zack. Club 80 / Éditions d'art, Ierpeldeng.
  • La terre monte. 1980. Pierre Belfond, Paris.
  • Sich der Stille hingeben. Französisch und deutsch. 1983. 71 S. Horst Heiderhoff Verlag, Waldbrunn.
  • Chants de refus. Poèmes. 1993. 106 p. Mat Zeechnunge vum Marta Pan. 110 p. Coll. graphiti n°2. Éditions Phi, Echternach. Rapid Press, Luxembourg. ISBN 2-87962-023-6.
  • Chants de refus II. Poèmes. 1995. 103 p. Dessins de Joseph Probst. Coll. graphiti n°8. Éditions Phi, Echternach. Rapid Press, Luxembourg.
  • La terre se tait. Poèmes. 1999. 112 p. Coll. graphiti n°23. Éditions Phi, Echternach.
  • Le cri de l'épervier. Poèmes. 2000. 109 p. Coll. graphiti n°34. Éditions Phi, Echternach. Écrits des forges, Trois-Rivières, Québec.
  • Le porteur d'ombre. Poèmes. 2001. 117 p. Coll. graphiti n°42. Éditions Phi, Echternach. Écrits des forges, Trois-Rivières, Québec.
  • Béni soit le serpent. Poèmes. 2004. 127 p. Coll. graphiti n°57. Éditions Phi, Esch/Alzette. Écrits des forges, Trois-Rivières, Québec. Polyprint, Esch/Alzette.
  • L'ailleurs des mots. Poésie. 2007. 105 p. Collection Cahiers d'Arfuyen n° 166, Éditions Arfuyen. ISBN 9782845900998.
  • La lune noircie. Poésie. 2009. 106 p. Collection Cahiers d'Arfuyen n° 181. Éditions Arfuyen. ISBN 978-2-845-90133-9.
  • La muraille de l'alphabet, Éditions Phi

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jeff Schinker, Ecrivaine luxembourgeoise / Anise Koltz nous quitte à l’âge de 94 ans, Tageblatt.lu, 1. Mäerz 2023.
    Caroline Mart: "Anise Koltz: Déi grouss Damm vun der Lëtzebuerger Literatur ass dout." rtl.lu, 01.03.2023.
  2. Bei hirer Gebuert hat d'Anise Blanpain déi belsch Nationalitéit.
  3. D'Thomas-Mann-Bibliothéik ass am Joer 2003 am Institut Pierre-Werner opgaangen.
  4. Cf. https://web.archive.org/web/20090106032551/http://www.librairiewb.com/enrayons/litterature/poesie09.html
  5. Aus: Chants de refus, 1993. Dëst Wierk gouf a follgend Sproochen iwwersat: Italieenesch, Portugisesch, Mazedonesch, Rumänesch an Englesch.
  6. D'Anise Koltz op der Websäit autorenlexikon.lu
  7. Zusammenhalt, Wahlen und Europa op www.journal.lu gekuckt den 23. Juni 2018
  8. C., 2018. Le rosier Anise Koltz Poète, un hommage mérité. Acte de baptême remis à la Bibliothèque nationale. Luxemburger Wort vum 24. Juli 2018, A 31/M5.