René Koltz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
René Koltz
Gebuer 5. Oktober 1911
Lëtzebuerg
Gestuerwen 26. Juli 1971
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Politiker
Famill
Bestuet mat Anise Koltz

De René Koltz, gebuer de 5. Oktober 1911 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 26. Juli 1971, war e lëtzebuergeschen Dokter.

De René Koltz huet säin Dokteschexamen am Mäerz 1933 gemaach, a war ufanks Hausdokter zu Jonglënster, wou hien och no der Liberatioun kuerz Zäit Buergermeeschter war. Vun 1948 bis 1965 war hie Sekretär vum Conseil médical. Hie war och (1957-1971) Direkter vum Statsbad Munneref a Médecin-directeur vum Regierungsdepartement Gesondheet (Santé).

De René Koltz war mat der Schrëftstellerin Anise Koltz bestuet an zesummen hu si am Joer 1962 déi Munnerefer Dichterdeeg lancéiert.

De René Koltz huet sech a follgend Organisatiounen engagéiert:

De René Koltz ass fréizäiteg duerch d'Follge vu Folterungen, déi hien am Zweete Weltkrich erlidden hat, verscheet.

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Dokter René Koltz am Luxemburger Wort vum 27. Juli 1971 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 11. Abrëll 2022