Diskussioun:René Koltz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

Kleng info

Hien huet säin Dokteschexamen am Mäerz 1933 gemaach Les Meloures 11:02, 1 Oktober 2007 (UTC)

Gebuer de 5 Oktober 1911. Quell Mémorial Les Meloures 11:05, 1 Oktober 2007 (UTC)

Moien, Ech wëll net stëppele mee:

Ech gesinn net richteg, wat dee Mann Ernimmenswäertes gemaach soll hunn, fir hei ze stoen, ausser dass en Dokter war (deeër ginn et der Honnerten) mat enger Schrëftstellerin bestuet (wuel kaum eng Leeschtung) an Direkter vun enger staatlecher Institutioun war (deeër ginn et der och an der Dosen), an am Krich eng schwéier Zäit duerchlieft heut (leider och net deen Eenzegen). Är Meenung?

Zinneke

Mat deenen Honnerte vun Artikelen, déi all Dag bäikommen, wierkt dat alles natierlech net terribel relevant. De Geméis- an Uebsthändler Poggi ass international och net relevant, mee deen huet en Artikel am "Luxemburger Lexikon", an deem de Roland Pinnel och ze fannen ass. An da gëtt et nach de Pablo Ruiz Picasso, deen och net vill Ernimmenswäertes muss opweises hunn, ausser datt en en Auto fir den Zitroun gebaut huet, well soss hätte mer jo bestëmmt en Artikel iwwer deen an deen. Allez, Gutt Nuecht, Welt :-)) --Cornischong 00:50, 3 Oktober 2007 (UTC)