Thermalbad Munneref

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Vue vum Park op déi al Thermen
D'Entrée fir d'Kuristen

D'Thermalbad Munneref ass dat eenzegt Thermalbad zu Lëtzebuerg a läit zum gréissten Deel (37,38 ha) um Südostrand vun der Uertschaft Munneref an der Gemeng mat demselwechten Numm am Kanton Réimech. E klengen Deel (5,25 ha) vum Domaine läit a Frankräich an der Gemeng Mondorff am Departement Moselle. Am Ganzen huet de Kurpark eng Fläch vun 42,63 ha.

D'offiziell Bezeechnung ass Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains[1], gëtt awer gemenkerhand ënner dem Numm „Mondorf Domaine Thermal“ kommerzialiséiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1841 bis 1846 sinn zu Munneref déi éischt Buerunge vun der Equipe vum sächsesche Buermeeschter Karl-Gotthelf Kind gemaach ginn.

Schonn d'Joer drop, 1847, gouf d'Munnerefer Thermalbad op Initiativ vum Munnerefer Notaire Jean-Pierre Ledure gegrënnt. Seng Duechter Amélie Ledure war déi éischt Kuristin.

Mam Arrêté royal grand-ducal vum 28. August 1878 krut d'Uertschaft d'Recht fir sech Mondorf-les-Bains respektiv Bad Mondorf ze nennen.[2]

Mam Gesetz vum 21. Abrëll 1886[3][4][5][6] krut d'Regierung d'Recht fir d'Thermalbad vun der Société anonyme des bains de Mondorf ofzekafen. Déi hat d'Handduch no engem laangen Ënnergank, dee sech zanter dem 1870er Krich entwéckelt hat geschmass, wat dozou gefouert hat, datt knapps nach 200 Kuristen d'Joer op Munneref koumen.

D'Société anonyme des bains de Mondorf hat virdrun scho probéiert e Keefer ze fannen.[7][8][9][10][11][12][13][14] An der Generalversammlung vum 10. Oktober 1885 sollt decidéiert ginn d'Gesellschaft opzeléisen.[15][16] Well net genuch Aktionären an der Generalversammlung vum 10. Oktober waren gouf eng nei Generalversammlung fir den 16. November 1885 festgeluecht.[17] Och an der Generalversammlung vum 16. November 1885 waren net genuch Aktionären do an et gouf eng nei Generalversammlung op den 30. November 1885 festgeluecht.[18]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.


D'Thermalquellen[änneren | Quelltext änneren]

Am Kurpark zu Munneref sinn am Ganzen dräi Thermalquelle gebuert ginn.

Kind-Quell[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Thermalquell gouf vun der Equipe vum Sachs Karl-Gotthelf Kind (1801-1873) nom Prinzip vum Fräifall gebuert a gouf no him Kind-Quell genannt (Source Kind). D'Aarbechten hunn de 17. Juni 1841 ugefaangen an d'Buerung huet de 16. Juni [19] 1846 hir maximal Déift vu 730 m.[20] erreecht a war deemools déi déifst Buerung op der Welt mat Ausnam vu China, wou scho virdrun eng Buerung gemaach gouf, déi iwwer 1000 m. déif goung. Eréischt 1871 gouf dee Rekord mat der Déifbuerung Sperenberg bei Berlin mat 1271 m. Déift gebrach.

Marie-Adélaïde-Quell[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Thermalquell krut hiren Numm zu Éiere vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg.

Michel-Lucius-Quell[änneren | Quelltext änneren]

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Thermalbad „Les thermes“[änneren | Quelltext änneren]

Verwaltungsgebai[änneren | Quelltext änneren]

Pavillon Kind[änneren | Quelltext änneren]

De Pavillon Kind gouf an de Joren 1963-1964 vum Staatsarchitekt Constant Gillardin gebaut, fir d'Waasser vun der Kind-Quell ze zerwéieren. D'Gebai gouf tëscht 2000 an 2004 vum Architektebüro "steinmetz de meyer architectes urbanistes" ëmgebaut.

Am Joer 2012 mécht den éischte Fligereimusée vu Lëtzebuerg seng Dieren am Pavillon vun der Kind-Quell op.

Orangerie[änneren | Quelltext änneren]

D'Orangerie gouf 1910 no de Pläng vum lëtzebuergeschen Architekt Sosthène Weis gebaut.

Hoteller[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Kuristen an d'Touriste gehéieren zum Thermalbad de „Mondorf Parc Hôtel“ grad ewéi d'„Villa Welcome“.

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, fir et ze komplettéieren.

Renovatioun[änneren | Quelltext änneren]

Uganks Oktober 2018 huet de Regierungsrot e Gesetzesentworf ugeholl fir d'Gebaier vum Thermalbad fir eng Zomm vun 133,5 Milliounen Euro ze renovéieren[21].

Konschtwierker am Thermalbad an am Kurpark[änneren | Quelltext änneren]

De Park vum Thermalbad stellt eng Verbindung tëscht Mënsch an Natur hier. Hien ass eng gréng Long, eng Plaz fir ze raschten, sech z'erhuelen, ze heelen, sech ze besënnen. Dozou gehéiert och d'Konscht, déi de Park an eng Skulpturegalerie verwandelt. 20 Monumenter a Konschtwierker, meeschtens vu lëtzebuergeschen Artisten, waarden drop entdeckt ze ginn.

  • Vase en terre cuite style 1900. D'Majolika-Vas, déi virum Kind-Pavillon op engem Sockel steet, gouf 1899 vun der Firma Villeroy & Boch fir d'Weltausstellung zu Paräis (1900) fabrizéiert. No der Ausstellung wousst kee mat der Vase eppes unzefänken an de Staatsminister Eyschen krut se geschenkt. Well d'Vas a kengem vu sengen Zëmmeren doheem gepasst huet, huet hien d'Vase schlussendlech dem Munnerefer Kurpark virugeschenkt.
  • La lionne et les lionceaux vum Arthur Artiomi Lavrientivitch Aubert (1843-1917). D'Skulptur gouf 1905 am ieweschten Deel vum Park installéiert.
  • Le Centaure vum Cipri Adolf Bermann (1862-1942). E Bronze deen den Nationalen Geschichts- a Konschtmusée dem Thermalbad geléint huet.
  • Medaillon vum Dr Martin Klein vum Pierre Federspiel (1864-1924). Dëst Monument gouf 1909 zu Éiere vum fréieren Direkter Dr. Martin Klein opgeriicht.
  • Aqua fons vitae vum Tom Flick (*1968). Steesail, déi 1997 op dem Wues virum Parc Hôtel installéiert gouf.
  • Tour des Sables vum Liliane Heidelberger. Steeskulptur riets am Gank hanner dem Agangsberäich vum Thermalbad.
  • La Danse vum Nic Joosen (*1933). Dës Eiseskulptur aus 5 Eenzeldeeler ass 1998 kaaft ginn a verschéinert d'Blummerabatten um Quai lénks vum Pavillon Kind.
  • Tulipe vum Frantz Kinnen (1905-1979). Dëse Bur, deen de Staat 1958 kaaft huet, steet matzen am Rousegärtchen, der "Roseraie".
  • Just make sense vum Brigitte Kowanz. Dëst Wierk steet am Agank vun den alen Thermen.
  • Körper vum Carine Kraus. Serie vu Molereien am Pavillon mat de Saunaen.
  • D'Juri-Gagarin-Büst vum Aleksei Dmitrievich Leonov gouf 2018 virum Fligereimusée (Pavillon Kind) opgeriicht.
  • D'Maus Ketti vum Wil Lofy (*1937). Bronze vun 1987 an Erënnerung un d'Fabel D'Maus Ketti vum Auguste Liesch, dee vu Munneref staamt.
  • La fille aux roses vum Jean Mich (1871-1919). Bronze aus den "Ateliers SIOT" zu Paräis, dee fréier an den Terrasse vum Rousegäertche stoung, an elo am "Jardin français" steet.
  • Métamorphose vum Wenzel Profant (1913-1989). Hasteeskulptur, déi am Joer 1980 ageweit gouf.
  • Panthère tournant vum Auguste Trémont (1892-1980). Bronze vun 1932 am Hall vum Parc Hôtel.
  • Sculpture en fer vum Danielle Wagner (*1960). Dës Eiseskulptur gouf 1997 fir den 150. Gebuertsdag vum Thermalbad opgestallt.
  • Affranchissement vum Lucien Wercollier (1908-2002). Dëse Bronze fir d'Weltausstellung vu Bréissel gouf 1980 am Park vum Thermalbad opgestallt.

Donieft gëtt et nach dës Wierker, bei deene weider Detailer den Ament (2008) onbekannt sinn:

  • Zwee Wierker vum Wenzel Profant déi am Park stinn.
  • E Konschtwierk aus Eisen ouni Numm vum Pit Nicolas, wat 1997 opgestallt gouf.
  • Nata nel mare, e Wierk aus bloem Stee vum Daniele Bragoni, wat 2007 opgestallt gouf.

Therapien & Behandlungen[änneren | Quelltext änneren]

Medezinesch Direktere [22] vum Thermalbad[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arend, J.P., 1932. Oolithisches Eisenerz und Mondorfer Wasser in ihren tektogenetischen Beziehungen. Bull. Soc. Nat. luxemb. 42: 194-203.
  • Feltgen, E., 1908. Bad-Mondorf. Ein naturwissenschaftlich-medizinischer Führer. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18: 1-19 [1], 76-88 [2], 123-136 [3], 154-172 [4].
  • Gerges, Martin (éd.), 1997. Mondorf, son passé, son présent, son avenir. Mondorf le Domaine thermal et les éditions Les publications mosellanes. 614 p. Imprimerie Victor Buck. ISBN 2-919975-06-4.
  • Les Amis de la source asbl, 1976. Thermalismus aus Mondorfer Sicht. Illustrationen: Lex Weyer; Deckel: Lé Tanson. 112 S. St.-Paulus-Druckerei, Luxemburg. [Enthält virun Allem Texter vum Dr. Emile Franck]
  • Lucius, M., 1923. La genèse des eaux thermo-minérales de Mondorf-les-Bains, avec deux planches annexes. Bull. Soc. Nat. luxemb. 33: 5-24.
  • Massard, J.A., 1996. Das Mondorfer Bohrloch 1846: Europarekord ja, Weltrekord nein! Lëtzebuerger Journal, Nr. 201 (22. Oktober): 13. [5]
  • Massard, J.A., 1997. 1846-1996, 150 Jahre Tiefbohrung Mondorf: Fehler, Fragen, Fakten. Bull. Soc. Nat. luxemb. 98: 3-15. [6]
  • Medinger, P., 1923. Un cas extraordinaire de spongiose de la fonte produite par l'eau minérale de Mondorf-Etat. Bull. Soc. Nat. luxemb. 33: 24-32.
  • Memorial, 1987. Loi du 18 décembre 1987 organisant le centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains. Mémorial A n° 101 vum 21.12.1987.
  • Tanson, Lé, 1981. Chronik der "Stadt" und Gemeinde Bad Mondorf. Éd.: Administration communale de Mondorf-les-Bains. 414 p.
  • Van Werveke, L., 1932. Zur Frage der Entstehung des Mineralwassers von Bad Mondorf. Bull. Soc. Nat. luxemb. 42: 177-194.
  • Wilhelm, Frank. Victor Hugo, curiste à Mondorf-Altwies.in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Joer 6 (1985) n° 3: 101-130 & Joer 7 (1986) n° 1: 41-78. Lëtzebuerg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Thermalbad Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 18 décembre 1987 organisant le centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains. Memorial A, N° 101 du 21 décembre 1987: p. 2274-2279.
  2. Memorial A, N° 57 vum 7. September 1878
  3. Mémorial A N° 23 vum 22. Abrëll 1886
  4. Nouvelles officielles am L'Indépendance luxembourgeoise vum 24. Abrëll 1886, Säit 2
  5. Projet de loi am L'Indépendance luxembourgeoise vum 1. Abrëll 1886, Säit 3
  6. Projet de loi Avis vum Staatsrot am L'Indépendance luxembourgeoise vum 4. Abrëll 1886, Säit 3
  7. Publicités am Luxemburger Wort vum 4. Abrëll 1885, Säit 3
  8. Publicités am Luxemburger Wort vum 18. Abrëll 1885, Säit 3
  9. Publicités am Luxemburger Wort vum 23. Mee 1885, Säit 2
  10. Publicités am Luxemburger Wort vum 27. Mee 1885, Säit 4
  11. Publicités am Luxemburger Wort vum 2. Juni 1885, Säit 4
  12. Publicité am L'Indépendance luxembourgeoise vum 12. Juni 1885, Säit 4
  13. Publicité am L'Indépendance luxembourgeoise vum 16. Juni 1885, Säit 4
  14. Publicités am Luxemburger Wort vum 27. Juni 1885, Säit 5
  15. Publicités am Luxemburger Wort vum 17. September 1885, Säit 4
  16. Publicités am Luxemburger Wort vum 18. September 1885, Säit 4
  17. Publicités am Luxemburger Wort vum 19. Oktober 1885, Säit 4
  18. Publicités am Luxemburger Wort vum 24. November 1885, Säit 4
  19. Den dacks zitéierten Datum vum 15. Juli 1846 ass wahrscheinlech op e fréien Drockfeeler zréckzeféieren (Massard 1997)
  20. Weder déi dacks zitéiert Déift vu 726 m nach déi vu 736 m ass richteg (Massard 1997)
  21. Patrick Besch, Thermalbad in Mondorf wird saniert op wort.lu de 5. Oktober 2018 an an der Drockversioun vum Wort vum 6. Oktober 2018 ënner „Kurznachrichten “op der Säit 12
  22. Gerges 1997, S. 43-78.