Park vum Hotel Grand-Chef zu Munneref

Vu Wikipedia
Park vum Hotel Grand-Chef. Lénks a riets vun der Bildmëtt déi zwéi bemierksenwäert Ginkgoen.
Déi zwéi Ginkgoe virum Hotel. Riets de weibleche Bam, lénks dee männlechen.

De Park vum Hotel Grand-Chef zu Munneref läit ronderëm de fréieren Hotel mam selwechten Numm. De Park läit tëscht der Biederstrooss (avenue des Bains) an dem Park vum Thermalbad. D'Gander fléisst duerch de Park, soudatt en Deel vum Park op franséischem Gebitt läit.

De Park gouf no 1886 no de Pläng vum franséische Landschaftsarchitekt Édouard André amenagéiert. Hien huet och d'Pläng vum Park vum Thermalbad entworf[1].

Bemierkenswäert Beem[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Beem am Park gehéiere wéinst hirem Alter an der Plaz wou se stinn, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg: zwéi Ginkgoen an eng Bluttbuch. Déi dräi Beem si ronn 120 Joer al.

  • Déi zwéi Ginkgoe (Ginkgo biloba) sti virun der Entrée vum Hotel. Dee lénkse Bam, op d'Entrée gekuckt, ass e männlecht Exemplar, dee rietsen ass e weibleche Bam (d'Ginkgoe si getrenntgeschlechtlech Beem). Nëmmen de weibleche Ginkgo produzéiert Som. Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Stammëmfank op Broschthéicht vun 3,56 m bei enger Gréisst vun 27 m fir dee männleche Bam; 1,94 m bei enger Gréisst vun 23 m fir dee weibleche Bam.
  • Déi bemierkenswäert Bluttbuch (Fagus sylvatica cv. purpurea) steet riets hanner dem Hotel. Stammëmfank op Broschthéicht, ëm 2000 gemooss: 4,20 m bei enger Gréisst vun 31 m.

Eng gewalteg Platan (Platanus hispanica), mat engem Stammëmfank vu ronn 3,60 m, gouf 2007 ewechgeholl. 2008 kann een nach de Stomp dovun hanner dem Hotel, bei der Grenz zum Park vum Thermalbad, gesinn.

Skulpturen[änneren | Quelltext änneren]

D'Begréissungsvas[änneren | Quelltext änneren]

Eng grouss Begréissungsvas steet rietserhand wann een an de Park vum Hotel era geet. Si staamt aus dem Schlass vu Betteng op der Mess. Si gouf vum Hippolyte Trotyanne kaaft an an de Gaart vu senger Villa an der Biederstrooss opgestallt. Spéider gouf d'Vas an de Park vum Hotel verluecht.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei (Cf. S. 20).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf. S. 200-201, Text a Foto).
  • Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. Inventaire des essences arborescentes non indigènes de pleine terre présentes sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg. Ferrantia 53. (Ginkgoen S. 26, Text a Foto. Platan S. 47).

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]