Op den Inhalt sprangen

Hippolyte Trotyanne

Vu Wikipedia
Hippolyte Trotyanne
Gebuer 28. Abrëll 1823
Gestuerwen 10. Mee 1898
Dem Hippolyte Trotyanne seng Initialen an d'Joreszuel vun der Erëffnung iwwer der Entréesdier vum Hotel Grand-Chef.
Den Trotyanne op der Glasfënster, déi hien 1891 gestëft huet, an der Kierch zu Munneref.

Den Hippolyte Trotyanne-de Mairesse[1], gebuer den 28. Abrëll 1823 zu Ëtteng (fr:Ottange) a Loutrengen, a gestuerwen den 10. Mee 1898 a senger Villa zu Munneref, war e loutrengesche Landadelegen, deen 1849 den Hotel Grand-Chef zu Munneref gegrënnt huet. Hie gouf zu Richemont begruewen.

Seng Eltere waren de Joseph-Hippolyte Trotyanne[2] an d'Eléonore de Mairesse. Seng Sëschter Marie-Laure-Rosalie war mat dem franséische Geolog Gabriel-Auguste Daubrée bestuet.[3]

Den Hippolyte Trotyanne war de Besëtzer vum Schlass Pépinville zu Richemont (tëscht Diddenuewen a Metz). .

Hien huet fléissend Lëtzebuergesch geschwat, Ëtteng huet jo fréier zu Lëtzebuerg gehéiert. Hien huet zu den éischte Kurgäscht vu Munneref an den 1840er Jore gezielt an huet relativ fréi erkannt, datt et an der Uertschaft un Hoteller gefeelt huet. Hien huet dunn decidéiert, fir en Hotel direkt tëscht dem Thermalbad an dem "Hôtel de l'Europe"[4] ze bauen: den "Hotel Grand-Chef". De Grondstee gouf 1849 geluecht an dräi Joer drop, 1852, huet den Hotel seng Dieren opgemaach, 2012 huet e seng lescht Gäscht empfaangen.

Vis-à-vis vum Hotel huet den Trotyanne sech eng Villa gebaut, an där hie bis zu sengem Doud gewunnt huet.

Den Trotyanne war e Jeeër an hat 1867 zesumme mam Nottär Jacques-Gustave Lessel[5] d'Juegd vun Elleng gesteet. 1891-1892 hat hien d'Juegd vu Munneref zesumme mam Wäinhändler Léon Bellwald[6].

D'Strooss Munneref-Diddenuewen

[änneren | Quelltext änneren]

Den Trotyanne hat a Loutrenge gutt Bezéiungen an huet sech agesat fir eng modern Stroosseverbindung tëscht Munneref a Diddenuewen. D'Strooss gouf 1859 gebaut. Op der Grenz huet eng nei Bréck aus Steen déi al Holzbréck ersat[7].

  • Diderrich, Emile, 1932. Essai sommaire d'une histoire de Mondorf. Tirés à part des Cahiers Luxembourgeois, Luxembourg, 82 p.
  • Tanson, Lé, 1981. Chronik der "Stadt" und Gemeinde Bad Mondorf. Éd.: Administration communale de Mondorf-les-Bains. 414 p.
  • Thill, Norbert, 1993. Mondorf-Bad von Anbeginn. heimat + mission 12: 1-16.
 Commons: Hippolyte Trotyanne – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Och nach: Marie François de Sales Hippolyte Trotyanne.
  2. De Joseph-Hippolyte Trotyanne war "maître de forge" zu Ëtteng a Loutrengen. Hie war en Ustiwweler vun der franséischer Revolutioun zu Diddenuewen (Tanson 1981).
  3. E Stammbam vum Hippolyte Trotyanne fënnt ee beim Didderich 1932: 76(+1) an der Literatur.
  4. Den "Hôtel de l'Europe" gouf 1842 vum Mathias Diderrich gegrënnt.
  5. De Jacques-Gustave Lessel war Nottär am Kanton Réimech. Cf. Arrêté royal grand-ducal du 27 octobre 1851 portant nomination du sieur J.-G. Lessel aux fonctions de notaire dans le canton de Remich, à la résidence de Mondorf.
  6. 1er Relevé des permis de chasse pour la durée de l'année de chasse 1891-92. Cf. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg N°49 du Mercredi 16 septembre 1891, p.604.
  7. D'Bréck huet 2980 Frang kascht an d'Käschte goufen tëscht deenen zwee Länner opgedeelt (Tanson 1981)