Karl-Gotthelf Kind

Vu Wikipedia
Karl-Gotthelf Kind
Gebuer 6. Juni 1801
Gestuerwen 9. Mäerz 1873
Spicheren
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Ingenieur

De Carl (och Karl oder Charles) Gotthelf Kind, gebuer de 6. Juni 1801 zu Linda a Sachsen, a gestuerwen den 9. Mäerz 1873 a sengem Domaine La Brême d'Or (Die Goldene Bremm) bei Spicheren[1], war en däitsche Buermeeschter.

Hien huet a Sachsen-Weimar an an Thüringen no Kachsalz buere gelooss. Duerno koum hien op Lëtzebuerg, wou en zu Zéisseng (1837 – 1839),[2] Iechternach (1839 -1840)[3] a Munneref (vum 17. Juni 1841 bis de 17. Juli 1846)[4] no Salz gesicht huet. D'Buerung zu Munneref war deemools mat ronn 730 m déi déifst an Europa an eng vun deenen déifste vun der Welt; just zu Xinhai an der Provënz Sichuan a China gouf et deemools e Buerlach, dat méi déif war (-1.000 m). Salz huet en zu Lëtzebuerg keent font, mä als "Nieweprodukt" eng Thermalquell. Dës Quell, déi no him "Kind-Quell" gedeeft gouf, war d'Grondlag vum Thermalbad Munneref.

No Munneref huet de Kind zu Passy (haut Paräis) en artesesche Buer uleeë gelooss. En déngt dozou, d'Séie vum Bois de Boulogne ze speisen. Ausserdeem huet hien am Loutrengeschen a soss doruechter no Steekuel gesicht a war Mat-Concessionnaire vun der Géisdrëffer Antimongrouf[5]. Hie war och den Erfinder vum Kind-Chaudron-Procedé.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arnold, W. (1997): Karl Gotthelf Kind – Friedrich Hermann Poetsch: ihre Leistungen bei schwierigen Lagerstättenaufschlüssen im 19. Jahrhundert. In: Beiträge zur Geschichte von Bergbau, Geologie und Denkmalschutz: Festschrift zum 70. Geburtstag von Otfried Wagenbreth. Freiberg: TU Bergakademie: 7-12.
  • Conrad, H.G. (1977): Kind, Carl Gotthelf. In: Neue Deutsche Biographie (NDB). Bd. 11, S. 613-614. Online-Version.
  • Massard, J.A. (1996a): Les pionniers de la géologie luxembourgeoise: Steininger, Engelspach-Larivière et les autres. In: J.A. Massard (éd.): L'Homme et la Terre. Mens en Aarde. Mensch und Erde. Actes du 13e Congrès Benelux d'Histoire des Sciences, Echternach (Luxembourg), 1995. Luxembourg: 127-170 (C.G. Kind: 154-163). PDF
  • Massard, J.A. (1996b): Als Carl Gotthelf Kind in Echternach nach Salz bohrte. Annuaire de la Ville d'Echternach 1995: 106-116. PDF
  • Massard, J.A. (1996c): Das Mondorfer Bohrloch 1846: Europarekord ja, Weltrekord nein! Lëtzebuerger Journal, Nr. 201 (22. Oktober): 13. PDF.
  • Massard, J.A. (1997): 1846-1996: 150 Jahre Tiefbohrung Mondorf: Fehler, Fragen, Fakten. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 98: 3-15.PDF

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Zu de Gebuerts- a Stierfdaten, kuck: Massard 1997.
  2. Massard 1996a, S. 154-157
  3. Massard 1996b.
  4. Massard 1996c a Massard 1997.
  5. Memorial vum 18. Abrëll 1845.