Cipri Adolf Bermann
Cipri Adolf Bermann | |
---|---|
Gebuer |
25. August 1862 Vöhrenbach |
Gestuerwen |
17. Mee 1942 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Däitscht Räich |
Aktivitéit | Sculpteur |
De Cipri Adolf Bermann, gebuer de 25. August 1862 zu Vöhrenbach am Schwarzwald an de 27. Mee 1942 zu Lëtzebuerg gestuerwen, war en däitsche Sculpteur
No enger Léier zu Furtwangen goung hien op München an op Zürich, wou en um Polytechnikum ënner anerem Architektur studéiert huet. Vun 1889 un huet en zu Münche gewunnt, wou en eng Sculpteursschoul geleet huet. Vun 1903 un, war e Member vun der Vereenegung "Deutscher Künstlerbund". Hie gouf zu München, Dresden a Paräis ausgezeechent. Säi Wierk zeechent sech duerch monumental Gréisst, déifdréngend Psychologie a gesond Natierlechkeet aus.
Zu Lëtzebuerg steet eng Bronze vum Cipri Adolf Bermann, "Le Centaure", am neie Jardin français virun der Orangerie am Park vum Thermalbad zu Munneref. Dës Bronze gouf dem Thermalbad vum Nationale Geschichts- a Konschtmusée zur Verfügung gestallt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Cipri Adolf Bermann – Biller, Videoen oder Audiodateien |