Thermalbad

Vu Wikipedia

En Thermalbad ass eng Ariichtung, an där Mineralwaasser, dat op d'mannst 20 Grad Celsius huet, an dat aus enger Thermalquell kënnt, geholl gëtt fir dran ze bueden oder och fir ze drénken.

Thermalbieder bidden dacks eng ganz Infrastruktur ronderëm, fir sech z'entspanen an z'erhuelen, wéi Saunaen, Massagen, Fitnessistallatiounen, mee och méi allgemeng Hoteller, Gastronomie, oder Parken.

Zu Lëtzebuerg gëtt et een eenzegt Thermalbad, dat Munnereffer Thermalbad. An der noer Ëmgéigend kann een an der Belsch déi vu Spa (dat der Englescher Sprooch d'Wuert fir Thermalbad ginn huet) a Chaudfontaine souwéi an Däitschland déi vun Oochen, Bad Soden oder Baden-Baden ernimmen.