Michel Welter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Politiker. Fir de lëtzebuergeschen Äishockeyspiller, kuckt wgl. Michel Welter (Äishockeyspiller).
Michel Welter
Gebuer 21. Mäerz 1859
Heischent
Gestuerwen 22. Abrëll 1924
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Journalist, Dokter
Partei SDP (1903)
De Michel Welter; Portrait vum Ferdinand d'Huart.
Dem Michel Welter gëtt Kollaboratioun mam Occupant ënnerstallt.

De Michel Welter, gebuer den 21. Mäerz 1859[1] zu Heischent a gestuerwen den 22. Abrëll 1924 zu Munneref, war e lëtzebuergeschen Dokter, Politiker a Journalist.

De Michel Welter koum aus einfache Verhältnesser. Nom Kolléisch an der Stad huet hie Medezin zu Léck, Paräis, Stroossbuerg, Würzburg, Berlin, München, Prag a Wien studéiert. Duerno huet e sech zu Esch-Uelzecht als Dokter niddergelooss.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet aus éischter Hand erlieft a wat fir aarmséilege Verhältnesser déi meescht Grouwen- a Schmelzaarbechter hu misse liewen, a geschwënn huet hien ugefaange sech politesch z'engagéieren. Zäit senges Liewens huet säin Asaz Theeme wéi dem Allgemenge Walrecht - och fir d'Fraen, dem 8-Stonne-Schaffdag, dem bezuelte Congé vun den Aarbechter, dem soziale Wunnengsbau an der Sozialversécherung gegollt.

Séier huet hie mam Caspar Mathias Spoo a Bernard Krack Gläichgesënnter fonnt an en ass am Januar 1897 an d'Chamber gewielt ginn, an dat, obwuel deemools wéinst dem Zensus-Walrecht, déi meescht Aarbechter guer net wiele konnten. Hie gouf dann och séier vun den etabléierten Notabelen a Baronge vun uewen erof, a mat engem Schoss Veruechtung, als rouden Dokter apostrophéiert. Op der anerer Säit war hie geschwënn deem Deel vun der Aarbechterbeweegung suspekt, deen aus dem Aarbechteremilieu selwer an de Joren duerno entstanen ass, well hie selwer zum Klengbiergertum gehéiert huet, a mat abstrakt-ideologesche Begrëffer wéi "Klass" oder "Proletariat" net vill unzefänke wousst.

1902 ass hien an d'Stad Lëtzebuerg geplënnert, wou en ee vun de 7 Grënner vun der Sozialdemokratescher Partei war. Déi huet schonn e puer Joer drop mat der Sozialdemokratescher Aarbechterpartei eng Ofspléckung missen erliewen, mä se hu sech 1912 nees zesummegedoen.

De Michel Welter war Delegéierte vu Lëtzebuerg bei der Zweeter Internationaler, an huet d'Clara Zetkin, den Auguste Bebel an och de Jean Jaurès op Lëtzebuerg invitéiert fir Rieden ze halen.

Hie war journalistesche Mataarbechter 1896-97 beim Escher Courrier, 1897-1900 beim Patriot, 1898-1900 beim Escher Volksblatt, 1902-1913 beim Escher Journal, an 1909-1912 och Korrespondent vun der Frankfurter Zeitung. Mam Luxemburger Wort huet hie sech dacks hefteg Gefechter geliwwert an och alt Prozesser géint et gefouert.

Bei den Diskussiounen ëm d'Schoulgesetz vun 1912 war de Michel Welter fir eng strikt Trennung vu Kierch a Staat.

1913-1916 war e Redakter am 1913 gegrënnten Escher Tageblatt.

1916, matzen am Éischte Weltkrich, gouf hien an d'Regierung Thorn opgeholl, wou hie Generaldirekter (Minister) fir Landwirtschaft, Industrie an Handel, also fir de Ravitaillement zoustänneg war.

Him ass et awer net gelongen d'Liewensmëttelkris an de Grëff ze kréien a geschwënn war en och de Kriticken aus den eegene Reien ausgesat. Ë. a. gouf him virgeworf, hien hätt en Ofkommes mat den Däitschen ënnerschriwwe fir Liewensmëttel z'importéieren, wat e Broch vun der Lëtzebuerger Neutralitéit bedeit hätt. D'Chamber huet him schlussendlech d'Vertrauen entzunn, an den 3. Januar 1917 gouf e vun der Groussherzogin aus der Regierung entlooss. Am selwechte Joer gouf hien Direkter vum medezineschen Déngscht am Thermalbad Munneref.

Am November 1918 war de Welter am Arbeiter- Bauern- und Beamtenrat, deem seng Statuten hien ausgeschafft hat. D'Haaptfuerderunge waren d'Aféiere vum 8-Stonnen-Schaffdag, d'Verstaatlechung vun der Siderurgie, dat allgemengt Walrecht, d'Ofdanke vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde an d'Aféierung vun der Republik.

Mat der Ausruffung vun der Republik ass et awer näischt ginn, an d'politesch Kris gouf duerch d'Perspektiv vun engem Referendum entschäerft, an deem sengem Virfeld d'Marie-Adélaïde ofgedankt huet, duerch hir Sëschter Charlotte ersat gouf an d'Allgemengt Walrecht agefouert gouf. De Referendum selwer war réischt am September 1919 an hat zwou Komponente: eng politesch (mat véier Froen) an eng ekonomesch (mat zwou Froen). De Welter war ironescherweis do net méi an der Chamber an eréischt 1920 ass en duer "nogerëtscht". 1922 gouf en net méi erëmgewielt.

1924 ass de Michel Welter un engem Hiereschlag gestuerwen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Michel Welter-Monument am Park um Escher Gaalgebierg
  • Den 21. August 1927 huet d'Stad Esch him am Park um Gaalgebierg e Monument opgeriicht, mat der Opschrëft: À l'ami du peuple - la classe ouvrière reconnaissante.
  • Nom Michel Welter goufen eng Rëtsch Stroosse genannt: d'Rue Dr. Welter zu Diddeleng (PLZ 3595), Schëffleng (3879), Uewerkuer (4685) an Zolwer (4405); d'Rue Dr. Michel Welter zu Esch-Uelzecht (4347) an d'Rue Michel-Welter an der Stad Lëtzebuerg (2730) an zu Ollem (8339).

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch, Le Docteur Michel Welter et son Journal; in: Biographie nationale du Pays de Luxembourg, Fascicule 14, 1966; Ss. 198-388.
  • Pierre Even, Marie Adelheid von Luxemburg-Nassau; Lëtzebuerg (éditions Saint-Paul, Bichersérie 'Lëtzebuerger Biographien'), 2019; 192 S. (Fotoen, Zäittafel, Literaturverzeechnes, Referenznotten).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt N° 19 vum 21. Mäerz 1859, Gemeng Heischent. An der Literatur fënnt een dacks e falschen Datum, nämlech den 19. Mäerz 1859. Kuck: Massard, J.A. & R. Thill, 2021. Das Geburtsdatum von Dr. Michel Welter (1859-1924). Published online.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Welter – Biller, Videoen oder Audiodateien