Escher Journal

Vu Wikipedia
Escher Journal
Typ Regionalzeitung
Éischt Ausgab 4. Januar 1902
Land Lëtzebuerg
Politesch Ideologie Sozialdemokratie
Besëtzer Michel Welter,
Jean Schaack-Wirth
Editiounshaus Jean Schaack-Wirth


Den Escher Journal war eng Zeitung fir d'Stad an de Kanton Esch-Uelzecht, déi tëscht 1902 an 1913 erauskoum. Si stoung der Sozialdemokratescher Partei no.

Den Escher Journal reit sech an an eng Serie sozialdemokratesch a sozialistesch Escher Zeitungen an; ugefaange mam Escher Courrier (1895-1896), dem Escher Journal säi Virgänger Escher Volksblatt (1898-1901) a schliisslech sengem Nofollger, dem Escher Tageblatt, dat zënter 1913 bis haut erauskënnt.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Ausgab vum Escher Journal ass de 4. Januar 1902 erauskomm, eng Woch no der leschter Ausgab vum Escher Volksblatt. Seng Devise war: "Habt wohl acht, Wort ist Macht!". D'Redaktioun huet de Programm vun hirer Virgängerzeitung iwwerholl:

"An die Spitze des 'Escher Volksblatt', das wir vor drei Jahren gegründet und in der Folgezeit einer anderen Direktion überlassen mussten, hatten wir unser sozial-politisches Programm gesetzt, an dem wir auch noch heute unverbrüchlich festhalten."

Den Escher Journal huet am Ufank de Sozialdemokrate Michel Welter a Jean Schaack-Wirth gehéiert an ass duerno als "Apport personnel" un d'Maison du peuple gaangen.

Nieft dem Feuilleton huet d'Zeitung iwwer d'Debatten an der Chamber an d'Problemer vun den Aarbechter bericht. Dës, sou wéi och déi grouss gesellschaftlech Froe vun där Zäit, goufe kommentéiert.

De 27. Abrëll 1912, fir den 1. Mee, gouf d'Zeitung op roudem Pabeier gedréckt. Generell hat d'Zeitung véier Säiten an e Format vun 51 op 36 Zentimeter, mat véier Kolonne pro Säit.

An der leschter Ausgab huet d'Redaktioun geschriwwen, datt si de Programm, dee si Jore virdrun opgestallt hat, erreecht hätt, besonnesch wat dat allgemengt Walrecht betreffe géif, dat geschwënn géif ageféiert ginn. Dat war awer eng vireileg Konklusioun well dat allgemengt Walrecht dunn eréischt 1919 zu Lëtzebuerg agefouert gouf. Duerch en Accord mam Editeur Paul Schroell kruten d'Abonnente vum Escher Journal dat 1913 gegrënnt Escher Tageblatt an d'Haus.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Romain Hilgert: Die Presse in Luxemburg - Rückblick und Ausblick, in Tageblatt, 4. Mee 2017.