Paul Schroell

Vu Wikipedia
Paul Schroell
Gebuer 21. August 1879
Dikrech
Gestuerwen 20. Abrëll 1939
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Editeur
D'Imprimerie Schroell an der rue Saint-Antoine zu Dikrech[1]

De Paul Schroell, gebuer den 21. August 1879 zu Dikrech, gestuerwen den 20. Abrëll 1939 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e lëtzebuergeschen Editeur, ënner anerem vum Escher Tageblatt a vun de Cahiers luxembourgeois.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp war de Justin Schroell[3], den Editeur vum Landwirt, an och säin Urgrousspapp war schonn Editeur.

Et war fréi seng Ambitioun, eng eegen Zeitung ze hunn, déi am ganze Land verbreet wier. Hien huet 1909 de Landwirt vu sengem Papp iwwerholl, huet awer séier gemierkt, datt dat domat net méiglech wier. Den 1. Juli 1913 kënnt déi éischt Nummer vum Escher Tageblatt eraus, dat e gegrënnt a bis 1927 och geleet huet, wou et du vun de Gewerkschaften iwwerholl gouf. Am Éischte Weltkrich war de Paul Schroell iwwer d'Schwäiz a Frankräich gaangen, wou en zu Paräis fir déi Lëtzebuerger, déi do gelieft hunn, d'Zeitung Les Luxembourgeois gegrënnt huet.

1923 huet en d'Kulturzäitschrëft Les cahiers luxembourgeois an d'Liewe geruff, an déi och bis kuerz viru sengem Doud, am Alter vun 59 Joer, geleet.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich, Evy, 1985. Kalennerblieder. Virwuert vum Directeur Général vu Radio-Lëtzebuerg Gust Graas. - Luxembourg: Verlag J. P. Krippler-Muller. 397 p. [Paul Schroell: S. 118]
  • Herr, Joseph, 1980. Diekirch hier et aujourd'hui: histoire illustrée et population. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 1980. 401 p.
  • Meder, Cornel & Claude Meintz (Bearb.), 1990. René Engelmann: 1880-1915: Leben - Werk - Zeit: eine Ausstellung des Luxemburger Literaturarchivs mit Unterstützung der "Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise". Luxembourg: Fondation Servais, Foetz, Kremer-Mueller. 431 p.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: Herr 1980 an der Literatur.
  2. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 390
  3. Eng Foto vum Justin Schroell ass op der Säit 187 vu follgendem Buch ze fannen: René Engelmann: 1880-1915: Leben - Werk - Zeit: eine Ausstellung des Luxemburger Literaturarchivs mit Unterstützung der "Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise" / bearb. von Cornel Meder, unter Mitwirkung von Claude Meintz. Luxembourg: Fondation Servais, Foetz, Kremer-Mueller. 431 p.
  4. Doudesannonce vum Paul Schroell am Escher Tageblatt vum 21. Abrëll 1939 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-01-17.