Jean Schaack-Wirth

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Zeitungsediteur Jean Schaack-Wirth. Fir de Moler, kuckt wgl. Jean Schaack.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Schaack-Wirth
Gebuer 22. Dezember 1861
Menster
Gestuerwen 14. Mee 1938
Esch-Uelzecht
Aktivitéit Schneider, Editeur

De Jean Schaack-Wirth, gebuer den 22. Dezember 1861 zu Menster[1] a gestuerwen de 14. Mee 1938 zu Esch-Uelzecht[2], war e Schneider an Zeitungsediteur.[3]

Hien hat eng Schneiderei zu Esch-Uelzecht.[4]

Hie war, zesumme mam Jacques Thilmany, Grënner vun der Sozialdemokratescher Aarbechterpartei, déi sech vun der Sozialdemokratescher Partei ofgespléckt hat.

Bekannt gouf en och als Edituer, zesumme mam Michel Welter, vum Escher Volksblatt a vun Der arme Teufel, enger lénksgeriichter, antiklerikaler Wochenzeitung.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Jean Schaack op www.deltgen.com
  2. (fr)Doudesannonce vum Jean Schaack. viewer.eluxemburgensia.lu. Escher Tageblatt (17. Mee 1938). Gekuckt de(n) 2024-02-18.
  3. Gilbert Trausch: "Une radioscopie de la gauche luxembourgeoise: Der Arme Teufel. Monographie d'un journal socialiste luxembourgeois (1903-1929) par Janine Wehenkel—Frisch. In: d'Lëtzebuerger Land, 7 avril 1978. Numérisé par la BNL.
  4. Schaack-Wirth. Jean op industrie.lu (nogekuckt 2024-02-18).