Jacques Thilmany

Vu Wikipedia
Jacques Thilmany
Gebuer 4. Januar 1879
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Februar 1967
Nidderkolpech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Jacques Thilmany, gebuer de 4. Januar 1879 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 15. Februar 1967 zu Nidderkolpech[2][3], war e lëtzebuergesche Schéiereschläifer a Politiker.

Hie war vun 1925 bis 1934 Deputéierte vun der Aarbechterpartei vum Walbezierk Süden.[4]

De Jacques Thilmany war och Schäffe vun der Gemeng Esch-Uelzecht.[5]

De Jacques Thilmany gëllt nieft dem Dr. Michel Welter als ee vun de Grënner vun der Sozialdemokratescher Partei, déi hie kuerz drop awer nees verlooss huet fir d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei matzegrënnen.[6] Hien ass och ee vun de Matgrënner vun der Zeitung Der arme Teufel.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 7 vum 5. Januar 1879
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 23. Februar 1967
  3. (falsche) Gebuertsdag an Doudesdag vum Jacques Thilmany op der Websäit feblux.lu
  4. Noruf op de Jacques Thilmany an der 30. Sëtzung vun der Chamber den 21. Februar 1967
  5. Opzielung vum Schäfferot vun der Gemeng Esch op der 2. Säit
  6. Romain Hilgert: "Die älteste Partei des Landes feiert ihren 100 Geburtstag." d'Lëtzebuerger Land, 31. Oktober 2002.