Ferdinand d'Huart

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Ferdinand d'Huart

De Ferdinand d'Huart (genannt Fernand oder Fenny), gebuer den 13. Abrëll 1857[1][2] zu Soller a gestuerwen de 27. Januar 1919[3] zu Märel (haut Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Moler.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet op der Konschtakademie vu München a Paräis studéiert. Do war hie Schüler vum franséische Moler Alexandre Cabanel (Prix de Rome:1845). Duerno huet hien an engem Pensionnat, dem Collège des Oratoriens zu Juilly-sur-Seine, Zeechecourse ginn.

1907, nodeem dës Schoul huet misse zoumaachen, koum hien hannescht op Lëtzebuerg a gouf Zeecheprofesser am Stater Kolléisch.

Als Moler huet e sech virun allem en Numm gemaach duerch Portraite vu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vu Blummesujeten.

Vun 1910 bis 1919 war de Ferdinand d'Huart President vum Cercle Artistique de Luxembourg.

Seng Duechter, d'Adrienne d'Huart, gebuer 1892, a gestuerwen 1984, war och Molerin.

Zu Bouneweg ass d'Rue Fernand d'Huart no him benannt.

Säi Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Ausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Abrëll 1919: Casino Lëtzebuerg[4]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferdinand d'Huart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Friedrich, E., 1984, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an ons stad, Nr. 15, S. 26-27
  2. Am “Regard sur deux siècles de création...” gëtt als Gebuertsdatum den 13. Mäerz 1858 uginn
  3. 3,0 3,1 3,2 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Januar 1919
  4. Annonce am Tageblatt vum 1. Abrëll 1919