Op den Inhalt sprangen

Jean-Nicolas Bernard

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Nicolas Bernard
Gebuer 28. Mee 1803
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Juni 1866
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Jean-Nicolas Bernard, gebuer den 28. Mee 1803 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 10. Juni 1866, war e lëtzebuergesche Moler.

Hie war haaptsächlech als Portraitist bekannt. Hie war "vor allem der Maler der kleinen Leute, deren Porträts er zumeist in hellen, stimmungsvollen Tönen erstehen läßt".[1]

Ëm 1822 huet de Jean-Nicolas Bernard säi Studium an der stättescher Zeecheschoul ugefaangen. 1826, ënnert dem Professorat vum Jean-Baptiste Fresez, krut hien déi héchst Auszeechnung, d'Médaille en argent grand module. No engem kuerzen Openthalt op der Académie royale des beaux-arts zu Antwerpen dat selwecht Joer, huet hie sech op eng Plaz als Professer am Iechternacher Kolléisch gemellt. Hie gouf och als Professer agestallt, als Nofollger vum François-Joseph Maisonnet, dee gestuerwe war.

De Jean-Nicolas Bernard huet awer nëmmen e puer Méint Course ginn (Dezember 1826 - Abrëll 1827), well hie sech net mat den Iechternacher Autoritéiten eens gouf, wat seng Pai a säi Logement ugaangen ass.

Am Oktober 1839 huet hien eng privat Zeechen- a Molschoul an der Dräikinneksgaass an der Stad opgemaach, an där Strooss wou säi Papp fréier eng Bäckerei hat.

  • “Portrait de Mme J.-B. Bodson” (1839)
  • “La vallée du Pfaffenthal” - De Pafendall, vun der Schlassbréck aus gesinn
  • “Le Grund” - De Gronn, vum selwechte Punkt aus gesinn
  • “Un panorama de la ville de Luxembourg” - E Panorama vun der Stad, vum Fetschenhaff aus gekuckt

Ausstellungen

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Jean-Nicolas Bernard – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. "Die luxemburgische Malerei des 19. und 20. Jahrhunderts", Luxemburger Wort, 15. Juni 1963.