Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann

Vu Wikipedia
Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann
Gemoolt vum Michael Emonds-Alt, 1903.
Gebuer 18. Abrëll 1858
Lëtzebuerg
Gestuerwen 18. Februar 1923
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Mathias Glaesener
Papp Antoine Hartmann

D'(Marie-)Thérèse Glaesener-Hartmann, gebuer den 18. Abrëll 1858 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 19. Februar 1923, war eng lëtzebuergesch Molerin. Si war d'Duechter vum Architekt Antoine Hartmann.

Si war warscheinlech déi éischt Lëtzebuergerin déi am Ausland Konscht studéiert huet. Hire Papp huet a senger Fräizäit Aquarelle gemoolt an huet bei sengem Meedchen den Interessi fir d'Molerei waakreg gemaach. Mat 19 Joer ass si op Düsseldorf Konscht studéiere gaangen. Well d'Fraen zu där Zäit nach net an de staatleche Konschtschoulen zougelooss waren, huet si Privatcourse beim Gustav Süs geholl, an zu München beim Moler Alexander von Liezen-Mayer. Duerno war si d'Schülerin vun de franséische Moler Auguste Carolus-Duran a Jean-Jacques Henner, déi en "Dammenatelier" fir Portraitsmolerei zu Paräis haten. Si ass virun allem fir hir Interieuren a Portraite bekannt.[1]

Scho wärend hirem Studium, huet si hir Biller zu Lëtzebuerg an der Fënster vum Geschäft vum Louis Segers ausgestallt.[2],[3],[4] Si huet vun 1894 bis 1912 am Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt.[5]

Zu Lëtzebuerg um Belair an zu Suessem am Quartier Belval-Sud goufe Stroossen, d'Rue Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann, resp. d'Rue Thérèse Glaesener-Hartmann, no der Molerin genannt.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wirtz, Jacobine, Eckhart, Kathrin. Künstlerinnen entdecken: Unterrichtsmappe für Lehrerinnen und Lehrer der Vor- und Primärschulen. Numéro spécial du Courrier de l'éducation nationale, 2008 S.186-190
  2. Moes, Jean-Nicolas. Kunst und Literatur[1]; in: Das Luxemburger Land, N°41 vum 14. Oktober 1883, S. 575
  3. Moes, Jean-Nicolas. Kunst und Literatur[2]; in: Das Luxemburger Land, N°7 vum 17. Februar 1884, S. 110-111
  4. Moes, Jean-Nicolas. Kunst und Literatur[3]; in: Das Luxemburger Land, N°35 vum 31. August 1884, S. 560
  5. Zwank, Edmond. Le Cercle artistique de Luxembourg (1893-1993). 1993, 333p.