Alphonse Jungers
| Alphonse Jungers | |
|---|---|
|
De Alphonse Jongers (ëm 1930) | |
| Pseudonym | Alphonse Jongers |
| Gebuer |
17. November 1872 Monnerech |
| Gestuerwen |
2. Oktober 1945 Montréal |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg, Kanada, USA, Frankräich |
| Educatioun | École nationale supérieure des beaux-arts |
| Aktivitéit | Moler |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
| Gielercher | Légion d'honneur |
| Famill | |
| Bestuet mat | Louise McAllister |
| Papp | Jean Jungers |
| Mamm | Marie Schimberg |
| Geschwëster | Théodore Jungers |
|
| |
Den Alphonse Jungers, och als Jongers bekannt, gebuer de 17. November 1872 zu Monnerech[1], a gestuerwen den 2. Oktober 1945 am Hotel Ritz-Carlton zu Montréal a Kanada, war e lëtzebuergesch-kanadesche Moler. Hie war dat zwieleft a lescht Kand vun der Marie Schimberg an dem Jean Jungers.
De Jean Jungers war Administrateur vum Deputéierten an Dokter Théodore de Wacquant sengem Domaine zu Féiz. Nom Doud vum Jean Jungers (1875) ass d'Wittfra mat hire Kanner op Paräis geplënnert, wou s'als Hiewan geschafft huet.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]Den Alphonse Jungers huet zu Paräis eng klassesch Première gemaach an duerno Literatur studéiert. Eng Zäit laang huet hien an de Büroe vum Paul Abadie, dem Architekt vun der Paräisser Häerz-Jesu Basilika geschafft. De 16. Juli 1890 huet hie sech op der École des beaux-arts ageschriwwen an huet do bis 1892 noenee beim Jules-Élie Delaunay (1828–1891) a Gustave Moreau (1826–1898) studéiert.
Op der Beaux-arts krut hien eng Bourse a konnt zwee Joer laang am Prado Musée zu Madrid déi grouss spuenesch an italieenesch Meeschteren (Diego Velázquez, Bartolomé Esteban Murillo a Paolo Veronese) studéieren a Kopië vun e puer vun hire Meeschterwierker maachen. Am Prado huet hien de amerikanesche Moler John Singer Sargent kennegeléiert an zur selwechter Zäit war och de Lëtzebuerger Moler a Matgrënner vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL), de Jean-Pierre Huberty (1870-1897) zu Madrid.
De Jungers ass nees op Lëtzebuerg zeréckkomm, wou hien eng gewëssen Zuel vu Portraite gemoolt huet, dorënner dee vun der Anne Pescatore-Feltz, der Fra vum Antoine Pescatore, mat der Elisabeth an der Françoise, zwee Meedercher vun der Koppel. Hien huet e puer vu senge Wierker an der éischter Ausstellung vum CAL am Joer 1894 ausgestallt. Hien huet och an der « Exposition du travail » an der Aldringerschoul matgemaach, an där och säi Brudder Théodore, dee Konschtschräiner war, ausgestallt huet.
1895 huet den Alphonse Jungers zu London geschafft, wou hien dem John Singer Sargent gehollef huet fir d'Freske vun der Bibliothéik vu Boston ze kreéieren. Am Kader vum Concours fir d'Dicks-Lentz Monument um Square Palach – fir dat de Jungers an/oder säi Brudder e Projet agereecht haten – ass hien dat Joer drop hannescht op Lëtzebuerg komm. Wärend dëser Zäit huet hien och seng Wierker (Biller, Studien, Skizzen a Kopië vun de grousse Meeschteren) ausgestallt, déi hien zu Madrid realiséiert hat.
Et war säi leschte Besuch zu Lëtzebuerg ier hien a Kanada ausgewandert ass.
Kanada an Amerika
[änneren | Quelltext änneren]Am Summer 1896 huet den Alphonse Jungers e Grupp vu kanadesche Studenten an hir Proffe kënne geléiert, déi a Frankräich ware fir d'Sprooch besser ze léieren. Nodeems hien eng Zäit mat hinne mam Vëlo duerch Frankräich ënnerwee war, huet hie sech decidéiert a Kanada z'emigréieren an ass doropshin am Hierscht 1896 zu Montréal ukomm. Bei der Immigratioun huet hie sech als Fransous ausginn, a säin Numm op Jongers g'ännert, warscheinlech well dat besser auszeschwätze war[2].
A Kanada huet hien ugefaange Portraite vu senge Bekannten ze molen, dorënner d'Proffen aus der Studentegrupp, de Maxime Ingres an de Robert Tait McKenzie. Am Abrëll 1897 huet hie fir d'éischt Kéier op der Fréijoersausstellung vun der Royal Canadian Academy of Fine Arts matgemaach, wou seng Portraite vu Konschtkritiker héich geschätzt goufen. Hien huet haaptsächlech zu Montréal geschafft, ass awer periodesch op New York gereest, ier e sech am Joer 1900 decidéiert huet, fir dohin ze plënneren.
A sengen éischte Joren zu New York huet hien eng jonk Fra portraitéiert, déi zur Crème de la Crème vun New York gehéiert huet. Et war d'Louise McAllister, eng Niess vum Samuel Ward McAllister. Deen hat an der Zäit vum wirtschaftlechen Opschwong nom Sezessiounskrich an Amerika d'Lëscht vun de Véierhonnert opgestallt, eng Lëscht mat de 400 prestigiéisten a wichtegste Leit an der Stad, zu deenen hie sech natierlech och gezielt huet.
Et blouf net just beim Poséieren, mä et koum zu enger intimer Relatioun an de Alphonse Jongers huet d'Louise McAllister de 17. Juni 1903 bestuet, nodeems déi vun hirem éischte Mann, Alexander C. Young gescheet gi war. Wärend ronn zwanzeg Joer hunn d'Jongers-McAllisters e ganz soziaalt Liewen zu New York an an de Vakanzendestinatiounen op Long Island, am Connecticut asw. gefouert, wou sech déi Schéin an déi Räich an och d'Clientë vum Portraitsmoler getraff hunn. Ënnert dem Alphonse Jongers seng Clientë waren eng Rëtsch Promie wéi Membere vun de Famillje Vanderbilt, Pratt a Guggenheim, de Staatssekretär Philander Knox, de President Woodrow Wilson, asw.
D'Koppel huet sech ëm 1934 scheede gelooss; d'Louise huet sech 1936 nei bestuet an ass op Monte-Carlo wunne gaangen.
Zu Montreal huet den Alphonse Jongers bis zu sengem Doud 1945 (mat enger kuerzer Ënnerbriechung wéinst der Finanzkris vun 1929) am Ritz-Carlton-Hotel gewunnt a geschafft. Hien huet Portraite vun de Räichen a Berüümte vu Montreal a Kanada gemoolt, awer och an Europa an a Brasilien, wuer hien hi gereest ass.
1937 gouf de Jungers Ritter vun der franséischer Éierelegioun a Membre associé vun der Royal Canadian Academy of Arts. 1940 huet de Jungers déi kanadesch Nationalitéit ugeholl a gouf doropshi Vollmember vun der Akademie.
Wärend dem Zweete Weltkrich krut de Jungers nees Kontakt mat Lëtzebuerger, wéi d'Groussherzoglech Famill a Membere vun der Regierung zu Montréal am Exil waren. An där Zäit huet hien ë. a. follgend Portraite gemoolt: de Prënz Félix, Mann vun der Grand-Duchesse Charlotte, de Pierre Elvinger, Beroder vun der Exilregierung (« L'homme au Bock ») oder de Louis Theisen e Lëtzebuerger Emigrant, deen am Norde vum Québec mat Bëschprodukter gehandelt huet.
Den Alphonse Jongers ass den 2. Oktober 1945 no enger kuerzer Krankheet am Ritz-Carlton zu Montreal gestuerwen. Hien ass um Mont-Royal Kierfecht vu Montreal begruewen.
Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Les Fileuses, op Basis vum Velasquez, 1893, Prado, Madrid
- Françoise Pescatore, ëm 1894, Musée national d'histoire et d'art, Stad Lëtzebuerg
- Anne-Pescatore-Feltz, 1894, Kollektioun Les Deux Musées de la Ville de Luxembourg
- Georges Traus, 1894
- Robert Tait McKenzie, 1896, McGill Visual Arts Collection, Montréal
- The Harpist, 1903, Florence Griswold Museum, Old Lyme, Connecticut
- Florence Seligman (Fra vum Benjamin Guggenheim) mat hirer Duechter Hazel, 1906, Faith Christian School, Roanoke, Virginia
- Louise, 1908/09, Metrtopolitan Museum of Art
- Chancellor R.A.E. Greenshields, 1938, Bishop's University, Québec
- L'homme au Bock - Pierre Elvinger, 1943
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- E puer Portraite vum Alphonse Jungers
-
Maisie Caldwell Plant
-
Torrey-Famill
-
Françoise Pescatore
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vun der Légion d'honneur (19. Mäerz 1937)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle: [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. Follgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Alphonse Jungers – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Naissances (Gebuertsschäin 30/1872 vun der Gemeng Monnerech). query.an.etat.lu 154. Archives nationales Luxembourg (1858 - 1881). Gekuckt den 20.03.2025.
- ↑ Et ass net sécher ob hien déi franséisch Nationalitéit hat oder net wéi hien a Kanada ukomm ass. Fest steet, datt am Bestietnes-Zertifikat d'Gebuertsplaz mat Manderange a Frankräich uginn ass an datt am Formular fir d'US-amerikanesch-Nationalitéit unzefroen Ardennes a Frankräich steet. A biographeschen Notizzen fënnt een och alt emol Mézières, d'Baskeland oder Holland als Gebuertsplaz.
- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Iwwersetzung vun: Charles Werner, « Un peintre d'origine luxembourgeoise peu connu chez nous, mais célèbre outre-Atlantique », Luxemburger Wort, Die Warte, 20.03.2025, S. 4-7
