Gemeng Monnerech
| Gemeng Monnerech | |
|---|---|
|
| |
|
d'Gemengenhaus vu Monnerech | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Mondercange de: Monnerich |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
| Gemeng | Kanton Esch-Uelzecht |
| Chef-lieu | Monnerech |
| Buergermeeschter | Jeannot Fürpass (CSV) |
| Awunner | 7.312 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 2.140,475 ha |
| Héicht | 290 m |
| Koordinaten |
49° 31’ 55’’ N 05° 59’ 20’’ O |
| Postcode | 3650 |
| LAU-Code | LU0208 |
| Websäit | https://www.mondercange.lu/ |
|
D'Gemeng Monnerech (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout) | |
|
| |
D'Gemeng Monnerech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Monnerech vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Monnerech läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 275 an 340 m (NG-L).
Nopeschgemenge si Reckeng op der Mess a Leideleng am Norden, Beetebuerg am Osten, Schëffleng an Esch-Uelzecht am Süden a Suessem am Westen.
Duerch d'Gemeng lafen d'Baache Mierbech, Bréckenderbaach, Kiemelbaach, Kazebaach, d'Mess an och d'Uelzecht op engem kuerze Stéck.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Häff a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Verkéier an Transport
[änneren | Quelltext änneren]Déi wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'A4 an d'N13, op engem kuerze Stéck och nach d'A13. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 106, 164, 169 an 172 duerch d'Gemeng.
D'Gemeng Monnerech läit um Wee vun den RGTR-Linnen 612, 641, 750 an der TICE-Linn 17.
Aktivitéitszonen
[änneren | Quelltext änneren]D'Aktivitéitszon ZARE läit laanscht d'A13 zu engem klengen Deel um Gebitt vun der Gemeng Monnerech. Zu Féiz ass zu béid Säite vum CR164 eng grouss Geschäfts- an Aktivitéitszon.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Monnerech ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.
D'Entwécklung vun der Siderurgie géint Enn vum 19. Joerhonnert, déi Nopeschuertschafte wéi Esch-Uelzecht, Déifferdeng oder Diddeleng a richteg Stied verwandelt huet, hat kaum Afloss op d'Uertschaften aus der Gemeng Monnerech. Dës Dierfer blouwen duerch den Akerbau gekennzeechent. Eréischt nom Zweete Weltkrich a virun allem an den 1970er an 1980er Jore gouf et eng reegelrecht Bevëlkerungsexplosioun.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vu Monnerech gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
| Joer | ADR | CSV | DP | gréng | LSAP | PPL |
|---|---|---|---|---|---|---|
| 1999 | 1 | 4 | 3 | 1 | 4 | - |
| 2005 | 1 | 4 | 2 | 1 | 5 | - |
| 2011 | 0 | 3 | 2 | 1 | 7 | - |
| 2017 | - | 5 | 2 | 1 | 5 | - |
| 2023 | - | 6 | 2 | 0 | 4 | 1 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- ...
- 1844: Pierre Steichen[3]
- ...
- 1867: Jean Steichen[4]
- ...
- ... Jacques Steichen
- 1945: P. Bicheler[5]
- ...
- 1966 – 1969: Fernand Dondelinger
- 1970 – 1975: Arthur Thinnes (CSV)
- 1975 – 1976: Mathias Traufler (LSAP)[6]
- 1976 – 1984: Arthur Thinnes (CSV)
- 1984 – 1993: Théo Wernimont (CSV)
- 1993 – 1998: Camille Medinger (CSV)
- 1999 – 2005: Jean-Claude Schanen (CSV)
- 2005 – Dez. 2012: Dan Kersch (LSAP)
- Jan. 2013 – 2017: Christine Schweich (LSAP)
- zanter 2017: Jeannot Fürpass (CSV)
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Monnerech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Zu Monnerech um CR106 ass déi eenzeg Karting-Pist am Land
- De Formatiounszenter vun der FLF läit och um CR106 nieft der Karting-Pist
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Weber, John: La population de Mondercange de 1766 à 1803 - In: 100 Joer Pompjeën Monnerech: 1901 - 2001. - Monnerich: Sapeurs-pompiers, 2001. - P. 128-141, tabl.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gemeng Monnerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Monnerech
- D'Gemeng Monnerech op der Websäit vum Syvicol
- Offiziell Säit vun de Pompjeeë vu Monnerech
- Monnerecher Schoulen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt de 27. Juli 2026.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ (fr) Avis. — Nomination de bourgmestres.. viewer.eluxemburgensia.lu. Mémorial (25.01.1867). Gekuckt den 31.03.2026.
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert den 28.03.2016. Gekuckt de 05.11.2015.
- ↑ Monnerich: Trendwende im Proporz. In: d'Letzeburger Land, 28. Jg., nº 42 (16.10.1981), p. 10 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].

