Op den Inhalt sprangen

Dan Kersch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dan Kersch
Gebuer 27. Dezember 1961
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Fonctioun Conseiller am Staatsrot, Vizepremierminister, Sportsminister vu Lëtzebuerg, Aarbechtsminister vu Lëtzebuerg, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

Den Dan Kersch, gebuer de 27. Dezember 1961[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP, bis 1991 KPL[2]).

Hie gouf de 5. Dezember 2018 Minister fir Aarbecht a Sozialwirtschaft, sou wéi Minister fir Sport an der Regierung Bettel-Schneider-Braz. Bei enger Ëmbildung, nom Depart vum Etienne Schneider, gouf hien de 4. Februar 2020 zousätzlech Vizepremier[3]. Op de 5. Januar 2022 huet hie vu senge Ministeschfonctiounen demissionéiert, fir den 11. Januar nees Deputéierten an der Chamber ze ginn.[4][5]

Den Dan Kersch war vun 2005 bis 2013 Buergermeeschter vun der Gemeng Monnerech, war vun 2009 bis 2012 President vum SYVICOL a war vum 14. Dezember 2011 bis den 13. November 2013 Member vum Staatsrot[6]

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien an d'Parlament gewielt an do den 13. November vereedegt[7]. Hien huet awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir Inneminister, Minister fir d'Fonction publique an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn. Bei deene vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[8], an huet op en Neits säi Chambermandat opginn, fir Minister fir Aarbecht an Économie sociale et solidaire, a Sportsminister an der Regierung Bettel-Schneider-Braz ze ginn.

Vum 4. Februar 2020 bis de 5. Januar 2022 war hien zousätzlech Vizepremier an der ewell Regierung Bettel-Kersch-Bausch genannter Regierung. Den 29. November 2021 huet hie matgedeelt säi Ministerposten am Januar 2022 opzeginn an als Deputéierten an d'Chamber ze goen[9]. Hien huet säi Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 ausgefëllt.

 Commons: Dan Kersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lëscht vun alle Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
  2. "Der linke Flügel der LSAP." in: d'Lëtzebuerger Land, 19. Mai 2011, gekuckt de 4. Feb. 2020.
  3. "Remaniement ministrériel." Communiqué op gouvernement.lu, 4. Feb. 2020.
  4. "Das Personalkarussell dreht sich." wort.lu, 4.Jan.2022.
  5. "Trois nouveaus députés à la Chambre." Communiqué op chd.lu, 2022-01-11.
  6. Annonce vum Dan Kersch senger Vereedeguing als Member vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert de 14.04.2012. Gekuckt de 15.12.2012.
  7. "Dan Kersch: Vum Staatsrot an d'Chamber." RTL.lu - 11.11.2013, 15:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.11.2013, 15:22.
  8. elections.lu.
  9. (lb) Comité directeur vun der LSAP: Kersch a Schneider gi Posten un Engel an Haagen weider. www.rtl.lu (30.11.2021). Gekuckt den 30.11.2021.