Etienne Schneider

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Etienne Schneider
Informal meeting of justice and home affairs ministers. Arrivals (Justice) Etienne Schneider (35586693752).jpg
Den Etienne Schneider (2017).
Gebuer 29. Januar 1971
Diddeleng Edit this on Wikidata
Aktivitéit Politiker Edit this on Wikidata
Partei Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei Edit this on Wikidata
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Etienne Schneider, gebuer den 29. Januar 1971 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker (LSAP). Hien ass zanter dem 4. Dezember 2013 Vizepremierminister, Wirtschaftsminister, Minister fir bannenzeg Sécherheet an Verdeedegungsminister an der Regierung Bettel-Schneider. Virdru war hien, zanter dem 1. Februar 2012, Wirtschafts- an Aussenhandelsminister an der Regierung Juncker-Asselborn II.

Den Etienne Schneider huet no senger 13e technique op der ICHEC Brussels Management School vum Institut catholique des hautes études commerciales zu Bréissel Ekonomie studéiert (licencié en sciences commerciales et financières) an op der Greenwich University zu London e Master gemaach.[1]

Berufflech Carrière[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium war hie wëssenschaftlechen Assistent am Europaparlament (1994-1995), huet dunn am Sekretariat vun der LSAP Chamberfraktioun geschafft (1995-1996) ier hien als Chargé de mission fir den Ausseministère bei d'NATO op Bréissel gewiesselt ass (1997). Mat 26 Joer ass den Etienne Schneider Enn 1997 ënner dem Fraktiounspresident Jeannot Krecké Fraktiounssekretär vun der LSAP ginn.

No siwe Joer op där Plaz ass den Etienne Schneider no de Wale vun 2004, wéi de Jeannot Krecké Wirtschaftsminister ginn ass, an de Wirtschaftsministère gewiesselt wou hie Conseiller de Gouvernement 1re classe ginn ass an d'Energie- an e-Commerce-Generaldirektioun iwwerholl huet. An dëser Funktioun war hie Member vum Verwaltungsrot vun der Cegedel ginn. Am Joer 2006 huet hien d'Presidence vum Verwaltungsrot vu Cegedel-Net iwwerholl. Schonn 2005 war hie President vum Verwaltungsrot vun der SEO ginn. No der Fusioun aus där d'Enovos erausgaangen ass, ass hien 2009 President vum Verwaltungsrot vun Enovos International S.A. ginn. Hie war dat bis datt e Minister gouf.

Am Joer 2009 ass hie Premier Conseiller de Gouvernement genannt ginn. Datselwecht Joer ass seng Responsabilitéit am Wirtschaftsministère op d'Ekonomesch Entwécklung an d'Infrastrukture erweidert ginn. Am Hierscht 2011 ass hien am Kader vun enger Reorganisatioun vum Ministère un d'Spëtzt vun der Generaldirektioun Industrie, Entreprisen an Infrastrukture komm, dem prestigiéisten Deel vum Ministère.

Politesch Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1995 bis Abrëll 2010 war den Etienne Schneider fir d'LSAP Member vum Gemengerot an duerno Schäffe vu Käl.[2] No senger Demissioun aus beruffleche Grënn ass hie vun Téiteng an d'Stad geplënnert.

Den Etienne Schneider gouf den 28. November 2011 vum LSAP-Generalrot zum Nofolger vum Jeannot Krecké als Wirtschaftsminister designéiert. De Krecké war den 1. Februar 2012 zréckgetrueden.[3] E gouf den 31. Januar 2012 vereedegt an huet seng Funktioun deen Dag drop iwwerholl.[4]

Bei de virgezunne Chamberwalen 2013 war den Etienne Schneider Spëtzekandidat vun der LSAP[5] a gouf an d'Chamber gewielt. Hien huet dunn op säi Mandat verzicht, fir Vizepremierminister, Aussenhandels- a Wirtschaftsminister, Minister fir Mëttelstand an Tourismus a Minister vun der Force publique an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Etienne Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Enovos International S.A.: Corporate Governance, Situation on 1.1.2010
  2. Bulletin communal de la Commune de Kayl, Août 2010, p. 2320
  3. "LSAP: E. Schneider Wirtschaftsminister, D. Kersch Staatsrot." RTL.lu - 28.11.2011, 18:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.11.2011, 21:29.
  4. "Den Etienne Schneider gouf als Wirtschaftsminister vereedegt." RTL.lu - 01.02.2012, 06:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 09:10.
  5. Wort.lu: Der Hoffnungsträger der LSAP