Enovos

Vu Wikipedia

Enovos Luxembourg s.a. ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi Energie (Stroum a Gas), liwwert. Si huet hire Sëtz zu Esch-Uelzecht.

Si ass 2009 entstanen aus der Fusioun vun der Cegedel (déi bis dohin 70 % vum Lëtzebuerger Stroummaart hat), der Soteg a Saar Ferngas.

De Lëtzebuerger Staat ass mat 25,44 Prozent Haaptaktionär. 23,48 Prozent gehéieren der Ardian, 18,36 Prozent der RWE, 10,1 Prozent der SNCI, 10 Prozent der E.ON, 8 Prozent der Gemeng Lëtzebuerg a 4,71 Prozent der GDF Suez.[1]

Duechtergesellschafte sinn ë. a. an Däitschland d'Enovos Energie Deutschland GmbH zu Wiesbaden an d'Enovos Deutschland AG zu Saarbrécken.

Enovos Luxembourg huet 745 Mataarbechter a beliwwert 136.000 Privatclienten a 34.000 Entreprisen zu Lëtzebuerg.

Verwaltungsgebai[änneren | Quelltext änneren]

Déi fréier Turbinnenhal a Pompelstatioun

Enovos huet säi Sëtz zu Esch Uelzecht, am Schlassgoart vum fréiere Berwarter Schlass, um Terrain vun der fréierer Metze Schmelz (haut ArcelorMittal Esch-Schëffleng). E besteet aus engem moderne Gebai mat 5 Stäck, dat 2013-14 nieft dem fréiere Pompelhaus an der fréierer Turbinnenhal vun der Schmelz, gebaut gouf. Déi zwee leschtgenannt Gebaier, allebéid aus Zillen, goufen och renovéiert an a Konferenz- a Bürosraim ëmgebaut an duerch en Atrium mam neie Gebai verbonnen.

Architekt vum Projet war den Architektebüro Jim Clemes.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Atelier d'Architecture et de Design Jim Clemes: Enovos. Esch-Uelzecht [2014]. ISBN 978-99959-742-6-8. [Plaquette iwwer d'Verwaltungsgebai, mat Texter vum Mirjam Oesch, Antoinette Lorang a Shaaf Milani-Nia; a Fotoe vum Steve Troes, fotodesign.]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Enovos Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2014-04-23. Gekuckt de(n) 2014-03-19.