Société électrique de l'Our

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) SEO)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Haaptbetrib vun der SEO: d'Pompelspäicherwierk Veianen

D'Société électrique de l'Our, kuerz SEO[1] ass eng Aktiegesellschaft déi den 29. Mee 1951 gegrënnt gouf. Si huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg. Haaptaktionäre si mat jeeweils 40,3 % de Lëtzebuerger Staat an dee däitschen Energieversuergungskonzern RWE Power.

Nieft dem Pompelspäicherwierk Veianen bedreift d'SEO och deelweis iwwer Duechtergesellschaften 12 Lafwaasserkraaftwierker an ass bei en ettleche Wandenergieanlage bedeelegt.

D'SEO ass u follgende Gesellschaften, déi am Beräich vun den erneierbaren Energië schaffen, bedeelegt:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Ofkierzung SEO respektiv S.E.O. gëtt an der Praxis op zwou Manéieren ausgeschwat: offiziell gëtt se als Sigel ausgeschwat, deemno [s e o] (all Buschtaf eenzel), am Volleksmond éischter als Akronym [seeo] (als ee Wuert).