Karting-Pist zu Monnerech

Vu Wikipedia

D'Karting-Pist zu Monnerech, offiziell Karting Mondercange, ass déi eenzeg Baussepist zu Lëtzebuerg op där de Kartsport bedriwwe gëtt. Se läit op der Strooss vu Monnerech a Richtung Lampech (CR106), direkt nieft dem Formatiounszenter vun der FLF.

D'Längt vun der Pist ass 867 Meter. An der Breet variéiert se tëscht sechs an aacht Meter. Et stinn zirka 40 Kart-Gefierer vu verschiddene Klasse fir Kanner an Erwuessener zur Verfügung.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mam Bau vun der Rennpist gouf am Joer 1973 ugefaangen an déi éischt Coursse waren am Joer 1974 op engem Deelstéck vun der Pist. Bis 1992 ass d'Pist fir Europa- an Nationalmeeschterschafte benotzt ginn. Och verschidden national Autoveräiner hunn do hir gréisser Treffen ofgehalen. Am Joer 1999 gouf op der Kartingspist den Autojumble organiséiert. D'Pist gouf och vu prominenten Autorennfuerer an hirer Ufankszäit benotzt, zum Beispill vum Michael Schumacher[1], dem Jarno Trulli an aneren. Haut gëtt d'Pist awer haaptsächlech fir de Fräizäit-Kartsport benotzt.

Enn Juli 2020 gouf bekannt datt d'Pist, déi privat bedriwwe gëtt[2], vum Automobile Club Lëtzebuerg iwwerholl gëtt[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Michael Schumacher startete als 12-Jähriger für Luxemburg op Wort.lu
  2. Dossier A30147. Luxembourg Business Registers (16/04/1996). Gekuckt de(n) 30.07.2020.
  3. ACL iwwerhëlt Kartingpist vu Monnerech. rtl.lu (30.07.2020). Gekuckt de(n) 30.07.2020.