Fédération luxembourgeoise de football

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fédération Luxembourgeoise de Football (FLF)
Flf.svg
Grënnung: 22. November 1908
FIFA Affiliatioun: 13. Mäerz 1910
UEFA Affiliatioun: 15. Juni 1954
President: Paul Philipp
Veräiner: 111 (2007)
Lizenzen: 29 713 (2007)
Trainere vum A-Kader:
Equipe Männer: Luc Holtz
Equipe Fraen: Jean Romain

D'Fédération luxembourgeoise de football, ofgekierzt FLF, ass den nationale Verband vun de Foussballveräiner zu Lëtzebuerg.

D'FLF ass responsabel fir d'Organisatioun an d'Reglementatioun vum Foussball am Lëtzebuerger Land. Si arrangéiert national Kompetitioune fir hir Clibb (Championater, Coupen an Tournoien) an organiséiert déi verschidde Foussballnationalquippen.

Si ass mat 32.541 Lizenzen an 108 Veräiner (30. Juni 2011) [1] déi gréisst Sportfederatioun zu Lëtzebuerg.

D'FLF ass eng A.s.b.l. an huet hire Sëtz zu Monnerech. Si ass Member vun der FIFA, der UEFA an dem COSL.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Dezember 1906 gouf op Initiativ vum John Roeder, Engleschprofesser an der Escher Industrie- an Handelsschoul, deen éischten offizielle Foussballclub zu Lëtzebuerg, de Football and Lawn-Tennis Club Esch/Alzette, kuerz Fola Esch, gegrënnt. Déi sëlleche Veräinsgrënnungen an de Méint a Joren duerno, Clibb déi nom Beispill vun der Fola uechter d'ganz Land entstane sinn, waren a sinn d'Basis vum organiséierte Foussball a senger Federatioun zu Lëtzebuerg.

De Sëtz vun der FLF

D'Foussballfederatioun gouf den 22. November 1908 als Fédération des Sociétés Luxembourgeoises de Sports Athlétiques (FSLSA) gegrënnt. D'FSLSA huet sech ufanks net nëmmen ëm de Foussball bekëmmert, mä war an engems och nach fir d'Liichtathletik, de Vëlossport an d'Schwammen do.

Déi alleréischt Lizenz krut 1909 den Alphonse Weicker.

An de Joren 1909/1910 gouf dat éischt nationaalt Championat gespillt. Champion ass deemools de Racing Club Lëtzebuerg [2] ginn. Nëmmen e Joer drop, den 29. Oktober 1911 stoung fir d'éischt Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géint Frankräich goung mat 1-4 (1-2) an der Stad verluer.

D'Coupe de Luxembourg ass 1922 fir d'éischt gespillt ginn a gouf alt erëm vum Racing Club Lëtzebuerg gewonnen. Domat ass de Racing net nëmmen éischte Champion, mä och éischte Coupegewënner an der Geschicht vum lëtzebuergesche Foussball.

Vun 1928 u war d'FSLSA nëmme just nach fir de Foussball zoustänneg, an den 13. Mäerz 1930 gouf se dunn op hiren haitegen Numm gedeeft.

Mam Zweete Weltkrich an der däitscher Okkupatioun vum Land war u keng national Federatioun méi ze denken. 1941 gouf d'FLF vun de Nationalsozialisten opgeléist. Am Kader vun der Assimilatiouns- a Germaniséierungspolitik goufen d'Veräiner aus der ieweschter Divisioun an de Fußballgau Mosel agegliddert an hir Nimm sinn agedäitscht ginn.

No der Liberatioun gouf d'FLF nei gegrënnt an d'Ëmbenennunge si réckgängeg gemaach ginn. 1944/1945 konnt nees en éischt improviséiert Championat gespillt ginn, d'Coupe de la Libération.[3]

1946 ass de FIFA Kongress, deen éischten zanter 1938, zu Lëtzebuerg ofgehale ginn.

1954 war d'FLF war ee vun de Grënnungsmembere vun der UEFA.

An de Joren 1963/64 huet d'Nationalequipe international iwwerrascht andeems se et bis an d'Véierelsfinale vun der Europameeschterschaft 1964 gepackt hat. Ee vun de grousse Spiller vun deemools, de Louis Pilot gouf 2004 vun der FLF als beschte lëtzbebuergesche Foussballspiller vun de leschte 50 Joer gewielt.

E gudde Laf hat d'Nationalequipe och uganks bis Mëtt vun de 1990er Joren. An der Qualifikatiounsronn 1994/95 fir d'Europameeschterschaft 1996 an England gouf et dräi Victoiren, ee Remis an zesummen 10 Punkten an der Grupp. Duerno ass et, op d'mannst wat d'Resultater ugeet, géi de Bierg a gaangen. Tëscht 1995 an 2007 [4] konnt kee Match méi gewonne ginn, an d'Lëtzebuerger waren an der FIFA-Weltranglëscht am fräie Fall.

D'Fro vun der Integratioun vun de sougenannte "portugisesche Clibb", Clibb déi en eegent, vun der Fédération des Associations portugaises à Luxembourg (FAPL) organiséiert, inoffiziellt Championat zu Lëtzebuerg spillen, huet Enn vun de 1990er Jore fir vill Diskussiounen an der FLF, de Medien an der Politik gesuergt. Am Juni 1999 huet FLF-Generalversammlung géint d'Demande an de Bäitrëtt vun de FAPL-Clibb gestemmt. Haaptsträitpunkt an der Affär war, datt dës Clibb keen eegenen (exklusiven) Terrain hätten, wéi et an den FLF-Statute verlaangt gëtt.[5]

D'Dammechampionat gëtt, mat zwou laangen Ënnerbriechungen, zanter 1972 gespillt (éischte Champion: FC Atert Biissen). Sou richteg an d'Rulle komm ass de Fraefoussbal zu Lëtzebuerg awer eréischt uganks vum 21. Joerhonnert. An der Saison 2001/2002 gouf eng national Coupe fir d'Dammen, d'Coupe de Luxembourg agfouert. Éischte Coupegewënner bei den Dammen war de Progrès Nidderkuer. Fir d'Championat 2006/2007 sinn ewell 18 Equippen ugemellt an d'Zuel vun de Lizenze bei den Dammen louch am November 2006 scho bei 622.[6]

Am Juni 2003 gouf d'Dammennationalequipe gegrënnt. Den éischte Lännermatch an enger offizieller Kompetitioun war den 18. November 2006 géint d'Slowakei (0-4) am Kader vum Qualifikatiounstournoi zu Lëtzebuerg fir d'Fraefoussball-Europameeschterschaft 2009 a Finnland.[7]

Nieft der Entwécklung vum Dammefoussball engagéiert sech d'FLF an de leschte Jore besonnesch fir jonk Talenter. En Haaptuleies dobäi konnt 2000/2001 realiséiert ginn: d'Grënnung vun enger Foussballschoul. Mam Centre de Formation National (CFN) zu Monnerech ass zanter 2003 och déi néideg Infrastruktur dofir do.

Vum 3.-14. Mee 2006 war d'Foussballeuropameeschterschaft vun den U17 zu Lëtzebuerg. Et war dat gréisst eenzelt Evenement wat d'FLF bis ewell organiséiert huet. Anengems hat d'lëtzebuergesch U17-Nationalequipe, als automatesch qualifizéierte Representant vum Organisatiounsland, d'Chance bei enger internationaler Ennronn op héchstem Niveau matzespillen.

Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Championat vun de Senioren (Éischt Equippen)
Spillklass Hierarchie vun den Divisiounen
1
2
3
Éischt Divisioun
Bezierk 1 - Bezierk 2
4
Zweet Divisioun
Bezierk 1 - Bezierk 2 - Bezierk 3
5
Drëtt Divisioun
maximal 14 Equippen

Championater[änneren | Quelltext änneren]

Championater ginn de verschiddenen Alterskategorien (Seniors- a Jugendchampionater), éischten an zweete Veräinsequippen no gespillt.

  • Championater vun de Senioren: Championat fir éischt Seniorsequippen (5 Divisiounen), Championat fir zweet Seniorsequippen (Senior-Reserven, 4 Klassen) an en Dammechampionat (2 Ligaen).
  • Jugendchampionater an den Alterskategorien Juniors, Cadets, Scolaires, Minimes, Poussins, Pupilles a Bambinis.

An der Saison 1995/1996 ass d'Dräipunkteregel agefouert ginn. Zanterhier gëtt et fir all Victoire dräi amplaz zwee Punkten. Gëtt gläich gespillt, kritt all Equipe just ee Punkt.

Eng nei "Auslänneregel" gouf fir d'Saison 2006/07 agefouert. All éischt Seniorsequipe muss op hirer feuille de match op d'mannst siwe Spiller stoen hunn déi entweder d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder awer hir éischt Spillerlizenz vun der FLF kritt hunn. Et däerfen en plus nëmme maximal véier transferéiert Spiller um Rapport vum Match stoen.

Zanter 2007/08 huet d'Nationaldivisioun e Sponsor, d'Banque générale du Luxembourg (BGL). Nodeem d'Bank och d'Nummrechter vun der Liga kaaft huet, gëtt déi iewescht Klass zanterhier als BGL Ligue commercialiséiert.

Coupen[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst national Coupekompetitioun ass d'Coupe de Luxembourg bei de Fraen an de Männer. Aner national Coupen sinn d'Coupe du Prince (Juniors), Coupe des Cadets, Coupe des seniors-réserves.

Tournoien[änneren | Quelltext änneren]

De Nationale Foussballdag zu Ettelbréck, grousst Foussballfest mat Tournoien an Animatiounsprogramm fir déi Klengst (Bambinis bis Scolaires) gëtt et zanter 1988.

D'FLF organiséiert och Tournoien am Futsal fir d'Jugend- an d'Dammenequipen (Futsalscoupe).

Nationalequippen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem A-Kader vun der Männer- a Fraennationalequipe ass d'FLF fir d'national Selektiounen an den Alterskategorien U21, U19, U17, U15 an U13 responsabel.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt och e Championat am Betribsfoussball gespillt. Et gëtt vun der hallefautonomer FCL (Football Corporatif Luxembourgeois) an enker Zesummenaarbecht mat der FLF organiséiert.

Centre de Formation National[änneren | Quelltext änneren]

De CFN mat den Trainingsterrainen

De Sëtz vun der FLF an d'national Foussballschoul sinn am Centre de Formation National (CFN) zu Monnerech. D'Offiziell Ouverture vum gutt équipéierten Zenter war den 10. September 2003 [8]. Nieft den administrativen Tätegkeete ginn um CFN Réuniounen a Stagen ofgehalen, trainéiert a Matcher gespillt.

Letzebuerger Jugendfoussball[änneren | Quelltext änneren]

D'FLF huet och eng eegen Foussballschoul, zu Monnerech. Dobai ginn d'Bouwen am Alter vun 12-13 Joer fir d'Nationalequipe ënner 13 Joer selektionéiert, déi sougenanntn U13. Duerno komme si fir zwee Joer an d'U15. Déi gëtt vum Guy Hellers trainéiert. Den aktuelle Kapitän vun der U15 ass de Philippe Frieden vum FC Swift Hesper. No dësen zwee U15-Joer ginn d'Jongen fir zwee weider Joer an d'U17, wou se am Normalfall hir éischt Lännermatcher spillen. Den aktuellen Trainer vun der U17 ass den Tobias Zölle, de Kapitän de Joel Pedro vum CS Sedan (Fr.). No zwee weidere Joer an der U19 an eventuell an der U21 kommen d'"A"-Nationalequipespiller nëmmen nach all zwou Wochen eng Kéier zesummen, duerch d'Ausbildung an hire jonke Jore gi si dem Nationaltrainer Guy Hellers awer méi e grousse Choix fir ze selectionnéieren.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Info vun flf.lu (Stand: 30. Juni 2011)
  2. De Racing Club ass 1923 mam Sporting Club zu der CA Spora fusionéiert, d'Spora selwer ass 2005 mat zwee anere Clibb zum Racing FC Union Lëtzebuerg zesummegaangen.
  3. Numm a Spillmodus vun der Coupe de la Libération hu just fir d'Saison 1944/45 gegollt. Champion gouf deemools Stade Diddeleng.
  4. De 7. Februar 2007 huet d'Nationalequipe e Frëndschaftsmatch géint Gambi mat 2-1 (0-1) zu Hesper gewonnen, déi éischt Victoire zanter 1995!
  5. Weider Informatiounen (haaptsächlech op Portugisesch) um Site O Folhetim da Integração
  6. An der Saison 1999/2000 waren et der nëmmen 12. Quell: Le Football Féminin au Luxembourg (PDF)
  7. De Qualifikatiounstournoi war e grousse Succès fir Lëtzebuerg. D'Dammenequipe koum an hirer éischter Kompetitioun op eng gutt zweet Plaz. Artikel op uefa.com: Luxembourg look good for future
  8. Den CFN gouf deelweis vun der FIFA am Kader vum Goal-Projet matfinanzéiert. Source FIFA: Goal Project 2003 (PDF)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (fr) flf.lu Offiziell Websäit vun der FLF