FIFA-Weltranglëscht
Déi sougenannt FIFA/Coca-Cola-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Foussball a gëtt vum Weltverband FIFA gefouert. Si gouf am August 1993 fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.
Am Ranking ginn nëmme Matcher aus de leschten aacht Joer berécksiichtegt, fir e besseren Iwwerbléck iwwer déi aktuell Stäerkt ze garantéieren. D'Ranglëscht gëtt eemol de Mount aktualiséiert. Gewäert ginn déi bescht siwe Matcher vun der Hären-A-Nationalekippen am Laf vun engem Joer. D'Ranglëscht gläicht dem Elo-System aus dem Schach.
Aktuell Ranglëscht vun den Hären
[änneren | Quelltext änneren]An der aktueller Ranglëscht (Stand: 14. Juni 2019) steet d'Belsch un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Frankräich a Brasilien.
Lëtzebuerg war am September 2018 op der 82. Plaz, déi bescht Positioun, op där se jee waren. Si ass zurzäit op der 90. Plaz mat 1265 Punkten.
| Plaz | Land | Punkten |
|---|---|---|
| 1. | 1746 | |
| 2. | 1718 | |
| 3. | 1681 | |
| 4. | 1652 | |
| 5. | 1631 | |
| 6. | 1625 | |
| 7. | 1617 | |
| 8. | 1615 | |
| 8. | 1605 | |
| 10. | 1589 | |
| ... | ||
| 90. | 1265 | |
| ... | ||
| 107.* | 1200 | |
| ... | ||
| 139.* | 1082 | |
| ... | ||
| 181.* | 939 | |
| ... | ||
| 183.* | 922 | |
| ... | ||
| 198.* | 893 | |
| ... | ||
| 211.*/** | 839 |
Notten
- * – en europäeschen "Zwergstaat", niewent Lëtzebuerg
- ** – déi lescht Plaz
Aktuell Ranglëscht vun den Dammen
[änneren | Quelltext änneren]Hei gëllt eng aner Punkteberechnung (Stand: 28. September 2018); dës Lëscht gëtt nëmmen eemol pro Quartal aktualiséiert.
Lëtzebuerg ass hei op der 109. Plaz mat 1125 Punkten.
| Plaz | Land | Punkten |
|---|---|---|
| 1. | 2114 | |
| 2. | 2060 | |
| 3. | 2034 | |
| 4. | 2033 | |
| 5. | 2014 | |
| 6. | 2012 | |
| 7. | 1981 | |
| 8. | 1985 | |
| 9. | 1964 | |
| 10. | 1963 | |
| ... | ||
| 84.* | 1272 | |
| ... | ||
| 98.* | 1190 | |
| ... | ||
| 109. | 1125 | |
| ... | ||
| 144.* | 748 | |
| ... | ||
| 147.** | 358 |
Notten:
- * – en europäeschen "Zwergstaat", niewent Lëtzebuerg
- ** – déi lescht Plaz