Remy Wagner
Ausgesinn
| Remy Wagner | |
|---|---|
| Gebuer |
10. November 1921 Diddeleng |
| Gestuerwen |
24. September 1997 Lëllgen |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
| Veräin/Ekipp |
Stade Dudelange, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1948 |
|
| |
De Remy Wagner oder Raymond Wagner, gebuer den 10. November 1921 zu Diddeleng, a gestuerwen de 24. September 1997 zu Lëllgen, war e lëtzebuergesche Foussballspiller a -fonctionnaire.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[2]
Tëscht dem 5. Mee 1946 am 16. Abrëll 1950 huet de Remy Wagner 19-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]
Hie war vun 1981 bis 1986 President vun der Fédération luxembourgeoise de football.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1979)[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Remy Wagner op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ De Remy Wagner op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert de 04.03.2016. Gekuckt den 18.02.2011.
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Remy Wagner op der Websäit vun European Football
- ↑ Ordensverleihungen für das Professoren- und Lehrkorps am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1979 op der Säit 6 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. November 2022
