Jean-Pierre Hoscheid

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Jean-Pierre Hoscheid oder Jim Hoscheid, gebuer den 22. Juni 1912 zu Biissen a gestuerwen de 15. Mee 1988 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik a Foussballtrainer.[1]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[2]

Tëscht dem 17. Mäerz 1935 am 14. Mee 1939 huet hie 27-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt.[3]

Tëscht dem 18. Juli 1948 am 26. Juni 1949 huet de Jim Hoscheid déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe trainéiert, déi an där Zäit 10 Matcher gespillt huet.[4] Hie war och den Haapttrainer vun onser Equipe bei den Olympesche Summerspiller 1948 zu London.[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Jean-Pierre Hoscheid op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Jean-Pierre Hoscheid op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jim Hoscheid op der Websäit vun European Football
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Foussballnationalequipe ënner dem Trainer Jim Hoscheid
  5. http://www.linguasport.com/futbol/internacional/olimpiadas/1948_LONDON_SQUADS.htm