Paul Feierstein

Vu Wikipedia
Paul Feierstein
Gebuer 27. Januar 1903
Nidderkuer
Gestuerwen 5. Mee 1963
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

De Paul Feierstein, gebuer de 27. Januar 1903 zu Nidderkuer a gestuerwen de 5. Mee 1963 zu Diddeleng, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik[1] an Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam vertrueden.[2]

Hie war bei de Red Boys Déifferdeng ënner Vertrag.

Tëscht dem 11. Mee 1924 am 1. Mäerz 1931 huet de Paul Feierstein 15-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Tëscht dem 4. Juni 1933 am 6. Mee 1948 war hien Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp déi an där Zäit 63 Matcher gespillt huet[4] (15 Matcher gewonnen, 7 gläich gespillt an 41 verluer).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Paul Feierstein op der Websäit vu sports-reference
  2. De Paul Feierstein op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Gearchiveerd op 2012-02-11. Gekuckt de(n) 2011-05-15.
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Paul Feiestein um Site Euopean Football
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Nationalekipp ënner dem Trainer Paul Feierstein