FA Red Boys Déifferdeng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Red Boys Déifferdeng
Red Boys Déifferdeng
Offiziellen Numm: Football Association
Red Boys Differdange
Grënnung: 1907
Opgeléist: 2003
Stadion: Stade du Thillenberg,
Déifferdeng
Plazen: 6 300
2002/03 Éierepromotioun, 11. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

D'FA Red Boys Déifferdeng (offiziell F.A. Red Boys Differdange) war e lëtzebuergesche Foussballclub vun Déifferdeng. De Veräi gouf et vun 1907 bis 2003 an ass ee vun den eelsten an erfollegräichste Foussballclibb zu Lëtzebuerg gewiescht. 2003 ass d'Red Boys mat der AS Déifferdeng fir de Fusiounsveräin FC Déifferdeng 03 zesummegaangen.

D'Red Boys Déifferdeng, dacks just Red Boys genannt, ass och de geleefegen (kuerzen) Numm vun enger ganzer Rëtsch aner Veräiner zu Déifferdeng, wéi beispillsweis dem Handballclub HB Red Boys Déifferdeng an dem Basketballclub BBC Red Boys Déifferdeng.

An der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Red Boys ass 1907, nëmmen ee Joer no der Escher Fola, deem éischte Lëtzebuerger Foussballveräin iwwerhaapt, als Sporting Club Differdange gegrënnt ginn. Éischte President war den deemolegen Deputéierten a Buergermeeschter vun Déifferdeng, den Émile Mark.

1910/11 huet de Sporting seng éischt Saison gespillt a koum direkt op eng zweet Plaz. 1919 ass den Numm geännert ginn, aus dem Sporting Club gouf d'Football Association Red Boys Differdange. D'selwecht Joer sinn déi Rout -nodeem se 1916-1920 Klass B gewiescht sinn- zréck an d'éischt Klass geklommen. Fir bal dräivéirels Joerhonnert, vun 1921-1996, huet Déifferdeng dunn zum gréissten Deel [1] an der ieweschter Divisioun gespillt an e Palmarès zesummebruecht dee sengesgläichen am Lëtzebuerger Foussball sicht.

1922/23 war d'Red Boys fir d'éischt Kéier Champion, zwee Joer drop gouf d'Coupe de Luxembourg gewonnen. An den 1920er Joren, an apaart den 1930er huet d'Red Boys, zesumme mat der Spora, de Lëtzebuerger Foussball regelrecht dominéiert. Tëscht 1924 an 1936 huet Déifferdeng 11 vun 13 Coupefinalle gespillt an der dovun aacht gewonnen. De Club war 1931-1933 dräimol hannerenee Champion, 1934 an 1935 dunn nach Vizechampion.

An de Joren duerno ass et e méi roueg ëm d'Red Boys ginn. 1938 ass Déifferdeng souguer aus der héchster Klass gefall, konnt d'Saison drop awer direkt erëm avancéieren. Mam Zweete Weltkrich an der däitscher Okkupatioun goufen d'national Kompetitiounen verbueden. Déi rout Déifferdenger hunn tëscht 1940 an 1944 hiren Numm an FK 07 Differdingen missen änneren. Direkt no der Liberatioun gouf 1944/45 d'sougenannt Coupe de la Libération gespillt, eng Zort inoffiziellt Championnat a Form vun enger Coupe, bei där d'Red Boys bis an d'Halleffinall koum.

An den 1950er Jore war d'Red Boys alt erëm an der Coupe mat fir bäi an huet a fënnef Finallen, dräimol (1952, 1953 an 1958) de Pokal mat op den Tillebierg geholl.

No der grousser Zäit vu virum Krich waren et virop d'1970er bis Mëtt der 1980er Joren an deenen d'Red Boys e gudde Laf hat, eng ganz Partie Titele gewonnen huet an am Championnat mat vir bäi war. D'Joerzéngt drop ass et fir de Club ëmmer méi schwéier gi sech nach an der Nationaldivisioun kënnen ze behaapten an et ass zum dackste géint den Ofstig gespillt ginn. 1995/96 ass d'Red Boys du fir d'éischt zanter Joerzéngte gefall. Et sollt en Tournant an der Veräinsgeschicht ginn. Zwar ass d'Equipe schonn d'Joer drop nees geklommen, huet sech awer net méi kënnen halen. 1998 an 1999 ass d'Red Boys zwou Saisonen hannereneen, vun der Nationaldivisioun bis an d'éischt Divisioun zréckgefall a koum 1999/00 och do nëmme méi op eng néngte Plaz. No zwou Saisonen Drëttklassegkeet huet den Traditiounsveräin sech 2001/02 nach eng Kéier erkritt an ass an d'Éierepromotioun gestigen. An deenen zwou leschte Saisonen, 2002 an 2003, ass et dunn all Kéier nach just fir eng eelefte Plaz an der Éierepromotioun duergaangen.

Enn der Saison 2002/03 ass d'Red Boys mat der AS Déifferdeng zu dem neie Veräin FC Déifferdeng 03 fusionéiert.

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Championnat:

  • Champion (6x): 1923, 1926, 1931, 1932, 1933, 1979
  • Vizechampion (11x): 1911, 1927, 1934, 1935, 1958, 1974, 1976, 1980, 1981, 1984, 1985

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (15x): 1925, 1926, 1927, 1929, 1930, 1931, 1934, 1936, 1952, 1953, 1958, 1972, 1979, 1982, 1985
  • Finalist (9x): 1924, 1932, 1935, 1948, 1950, 1955, 1970, 1977, 1986

Europäesch Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Red Boys huet zéngmol bei europäesche Kompetitioune matgespillt. Vun zwanzeg Matcher hunn déi Rout nëmmen eng Kéier gewonnen, 1979 an der Virronn vum Europapokal vun de Landesmeeschter den éischte Match géint Omonia Nikosia aus Zypern mat 2-1. 1984 huet d'Red Boys an der Virron vum UEFA Cup um Thillebierg 0-0 gläich géint dee groussen Ajax Amsterdam gespillt, ass dofir dunn awer am Retourmatch mat 0-14 ferm géint d'Hollänner ewech gefuer.

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
1972/73 EP Pokalgewënner VR Flag of Italy.svg AC Milan 1-4, 0-3
1974/75 UEFA Cup 1R Flag of France.svg Olympique Lyon 0-7, 1-4
1976/77 UEFA Cup 1R Flag of Belgium.svg KSC Lokeren 0-3, 1-3
1977/78 UEFA Cup 1R Flag of the Netherlands.svg AZ Alkmaar 1-11, 0-5
1979/80 EP Landesmeeschter VR Flag of Cyprus (bordered).svg Omonia Nicosia 2-1, 1-6
1980/81 UEFA Cup 1R Flag of the Netherlands.svg AZ Alkmaar 0-6, 0-4
1981/82 UEFA Cup 1R Flag of Portugal.svg Sporting Portugal 0-4, 0-7
1982/83 EP Pokalgewënner VR Flag of Belgium.svg THOR Waterschei 1-7, 0-1
1984/85 UEFA Cup 1R Flag of the Netherlands.svg Ajax Amsterdam 0-0, 0-14
1985/86 EP Pokalgewënner VR Flag of Sweden.svg AIK Solna 0-8, 0-5
{{{1}}}
Virdrun Olympic rings without rims.svg Sportsequipe vum Joer Olympic rings without rims.svg Duerno
Dëschtennis Europaliga-Equipe 1979 Foussballnationalequipe


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Red Boys war an där Zäit nëmmen an de Joren 1939 an 1967 -alliéiers just fir eng Saison- zweetklasseg.