Luc Holtz
| Luc Holtz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
14. Juni 1969 Ettelbréck |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
| Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
| Gréisst | 176 cm |
| Gewiicht | 71 kg |
| Veräin/Ekipp |
Red Boys Déifferdeng, Avenir Beggen, FC Etzella Ettelbréck, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, FC Etzella Ettelbréck, FC Déifferdeng 03, FC Montceau |
| Veräin/Ekipp (Trainer) |
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, SV Waldhof Mannheim |
| Famill | |
| Kanner | Kevin Holtz |
|
| |
De Luc Holtz, gebuer de 14. Juni 1969 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller[1].
Tëscht dem 12. Oktober 1991 an dem 16. Oktober 2002 huet de Luc Holtz 55-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi ee Gol geschoss[2].
Hien huet vun 1990 bis 1992 bei de Red Boys Déifferdeng gespillt an ass du bei den Avenir Beggen gewiesselt wou hie bis 1999 bliwwen ass. Vun 1999 bis 2007 war hie beim FC Etzella Ettelbréck[3].
Vun 2003 bis 2008 war de Luc Holtz Trainer vum FC Etzella Ettelbréck (bis hien als aktive Foussballspiller opgehalen huet war hie Spillertrainer do). Vun 2008 bis den August 2010 war de Luc Holtz Trainer vun der lëtzebuergescher U21-Foussballnationalekipp.
Trainerstatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
[änneren | Quelltext änneren]Vum 3. bis den 18. August 2010 war hien, nom Récktrëtt vum Guy Hellers, Interimstrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Den 18. August 2010 gouf hien dunn Trainer vun der lëtzebuergescher Nationalekipp. Am Juli 2025 huet d'FLF matgedeelt, datt si de Kontrakt mam Luc Holtz no 2025 net verlängere géifen, hie géif déi sechs Qualifikatiounsmatcher am Hierscht 2025 awer nach assuréieren[4][5][6]. Den 11. August huet d'Federatioun dunn informéiert, den Holtz hätt decidéiert direkt opzehalen, fir eng nei Erausfuerderung am Ausland unzehuelen.[7]
Ënner senger Leedung haten d'Rout Léiwen dee gréisste Succès an hirer Geschicht[8]. D'Hallschent vun de Matcher déi d'Rout Léiwen jee gewonnen hunn, ginn op dem Holtz seng Kap; mam Holtz als Trainer huet Lëtzebuerg 24 offiziell Matcher gewonnen (Stand: August 2025), vun 1911 bis 2010 huet Lëtzebuerg am ganze just 21 Matcher gewonnen.[9]
SV Waldhof Mannheim
[änneren | Quelltext änneren]Den 12. August gouf hien als Trainer vum SV Waldhof Mannheim, engem Veräin aus der drëtter däitscher Liga, virgestallt.[10]
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Säi Fils Kevin spillt och an der Foussballnationalekipp[11].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Luc Holtz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Luc Holtz als Foussballspiller um Site Transfermarkt
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher (als Spiller) vum Luc Holtz op der Websäit vun European Football
- ↑ De Luc Holtz op der Websäit vun National Football Teams
- ↑ Dem Luc Holtz seng Carrière als Trainer op der Websäit transfermarkt
- ↑ Der Vertrag von Luc Holtz wird nicht verlängert. Luxemburger Wort (09.07.2025). Gekuckt den 09.07.2025.
- ↑ (fr) RÉSILIATION DU CONTRAT DE LUC HOLTZ COMME ENTRAÎNEUR NATIONAL. www.flf.lupost-296485v4. Gekuckt den 09.07.2025.
- ↑ (lb) FLF deelt mat: Luc Holtz trëtt mat "effet immédiat" zeréck. www.rtl.lu. Gekuckt den 11.08.2025.
- ↑ https://www.sport-express.ru/football/nation-league/reviews/karlikovoe-chudo-zhdite-lyuksemburg-na-evro-2020-1457792/
- ↑ (fr) En 10 ans, le foot luxembourgeois aura bientôt plus gagné qu’en… un siècle op lequotidien.lu
- ↑ (lb) Elo ass et offiziell: De Luc Holtz gouf als neien Trainer vu Waldhof Mannheim virgestallt. www.rtl.lu. Gekuckt den 13.08.2025.
- ↑ https://www.rtl.lu/sport/news/a/1356890.html
