FC Avenir Beggen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Avenir Beggen)
Avenir Beggen
Avenir Beggen
Offiziellen Numm: Football Club Avenir Beggen
Spëtznumm: Wichtelcher
Veräinsfaarwen: Schwaarz-Giel
Grënnung: 1. Juli 1915
Stadion: Stade rue Henri Dunant,
Beggen
Plazen: 4 830
President: Damien Raths
Trainer: Dan Santos
Saison: 2022/23
Positioun: 5. Plaz, (1. Divisioun 2. Bezierk)
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den F.C. Avenir Beggen ass e lëtzebuergesche Foussballclub zu Beggen.

Am Laf vun der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1915 - 1927: D'Ufanksjoren[änneren | Quelltext änneren]

U sech hat alles schonn 1914 ugefaangen. Nodeem d'preisesch Truppen den 2. August a Lëtzebuerg agefall waren, goufen d'Schoulen zougemaach, an d'Dummeldenger Schmelz huet net méi geschafft. Als Zäitverdreif hunn déi jonk Beggener ugefaange Foussball op enger Wiss ze spillen. Op eemol koum dunn d'Iddi op, e richtege Foussballsclub ze grënnen. Et war op engem Sonndeg, dem "Mäertesdag", wéi se den éischte Match géint de FC Gilsdref gespillt hunn a mat 3-0 gewonnen hunn. Dee Succès huet sech séier an den nërdleche Faubourge vun der Stad Lëtzebuerg erëm geschwat a Spiller vum Daring Eech a vum Sporting Dummeldeng hu sech deene Beggener ugeschloss an den 1. Juli 1915 gouf de Club offiziell gegrënnt.

"Étoile Sportive" war den éischten Numm vum Club an de Franz Deitz war den éischte President. Mä an der Uewerstad gouf et schonn e Club mat deem Numm, dofir huet e misse geännert ginn. De Grënnungsmember Nic. Tockert huet "Avenir" als Veräinsnumm virgeschloen an de Comité huet séier decidéiert fir dëse villverspriechenden Numm z'acceptéieren.

Sou séier et goung, hunn d'Membere vum Club en Terrain gelount, um "Dudderhaff" an nach 1915 ass de Veräin der lëtzebuergescher Foussballfederatioun bäigetratt.

1917 huet de Veräin en neien Terrain gelount, zu Beggen selwer, tëscht der Uelzecht an der Schmelz. Spéider gouf aus dësem Terrain de "Stade Emile Metz-Tesch".

1918 huet de Club de Championnat vun der 3. Divisioun gewonnen an ass an d'2.Divisioun eropgeklommen, wou se bis 1923 bliwwe sinn. Well Nowuesstalenter gefeelt hunn, a wéinst finanzielle Problemer ass de Club dunn erëm an d'3. Divisioun gefall an no just enger Saison de Comeback an der 2. Divisioun gefeiert.

1926 ass de FC Avenir an d'Promotioun eropgeklommen, wat déi zweethéchst Klass deemools war, awer 1927 direkt erëm erausgefall nodeems en de Relegatiounsmatch géint den CS Péiteng verluer hat.

1927 bis 1945[änneren | Quelltext änneren]

Véier Joer laang huet den Avenir Beggen dunn an der 2. Divisioun gespillt. Et goufe vill Efforten an där Zäit gemaach fir de Club weider opzebauen an d'Konsequenz war 1931 den erneiten Opstig an d'Promotioun, mä no enger Saison si se erëm erausgefall. Den 10. Juni 1933 war ee Meilesteen an der Geschicht vum Club. De Comité huet decidéiert eng Jugendekipp ze grënnen an huet ausserdeem en obligatoreschen Indoor-Training agefouert.

No der Saison 1933/34 ass d'1. Ekipp an d'1. Divisioun opgestigen (wat dee Moment den zweethéchsten Niveau war an déi Divisioun huet aus 8 Ekippe bestanen). No der Saison 1934/35 gouf d'Zuel vun den Ekippen, souwuel an der 1. Divisioun wéi an der héchster Spillklass, op 10 Ekippen eropgesat an doduerch hat de FC Avenir d'Chance an der 1. Divisioun bleiwen ze kënnen, obscho se déi 8. a lescht waren.

1933 huet d'Jugendekipp fir d'éischt am Championnat matgespillt a gouf direkt 2. an hirem Distrikt, just ee Punkt hanner der Spora.

Vun 1935 bis 1937 gouf den Terrain komplett renovéiert. Sonndes, den 23. Mee 1937 gouf den neien "Stade Emile Metz-Tesch" ageweit an dat fir den offiziellen 20. Anniversaire vum Club, deen extra em zwee Joer no hanne verréckelt gouf, well den Terrain renovéiert gouf. Den FC Avenir huet bis 1981 op deem Terrain gespillt.

De Championnat 1937/38 huet dee bis deemools gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht mat sech bruecht: d'1. Ekipp ass an d'sougenannt Éierendivisioun, déi deemoleg héchst Spillklass, opgestigen. An där Zäit hunn d'Junioren och de Championnat am 4. Distrikt gewonnen. Donieft sinn déi zwou Ekippe bis an d'Véierelsfinall vun hire jeeweilege Coupe-Kompetitioune komm. Mä 1938 ass eng ganz jonk an onerfueren 1. Ekipp erëm an d'1.Divisioun ofgestigen. An dëser 1. Divisioun ass den Avenir Beggen 4. ginn an der leschter Saison virum Krich, wärend d'Junioren hiren Distriktschampionat erëm gewonnen hunn.

No der Invasioun vun der Wehrmacht gouf de Club gezwonge sech a "Sport Verein 1915 Beggen" ëmzenennen, mä deen Numm gouf selbstverständlech no der Befreiung erëm geännert. Wärend dem Krich war et verständlecherweis net méiglech e gereegelte Championnat ze spillen an et huet bis 1945 gedauert, bis endlech erëm een normale Championnat konnt gespillt ginn.

Vun 1945 bis 1959: D'Nokrichsjoren[änneren | Quelltext änneren]

1945 huet de FC Avenir de provisoresche Championnat am 3. Distrikt gewonnen. D'Jugendekipp huet hir éischt Finall vun der "Coupe Prince Jean" den 8. Juli 1945 géint d'Red Boys Déifferdeng gespillt. No engem 2:2 ass de Replay mat 0:2 verluer gaangen. An der éischter kompletter Nokrichsaison 1945/46 huet Beggen an der 1.Divisioun ugefaangen. Héichpunkter vun der Period bis 1957 waren de Gewënn vum Championnat an der Promotioun (3. Spillklass déi Zäit) an den Opstig 1948, d'Erreeche vun der Halleffinall an der Coupe de Luxembourg 1946 an 1950, d'Qualifikatioun fir d'Finall vun der "Coupe de la FLF" 1949 an am selwechte Joer de Gewënn vun der "Coupe régionale du Centre". Dat waren dräi verschidde Coupe-Compétitiounen. D'Junioren hunn hiren Distriktschampionat an de Joren 1946, 1951 an 1954 gewonnen. 1957 si se bis an d'Halleffinall vun der Coupe du Prince komm an och an d'2. Divisioun opgestigen. D'Reserve vun der 1. Ekipp huet 1949 hiren Distriktschampionat an der Promotioun gewonnen. Mä fir d'1. Ekipp war d'Saison 1957-58 kee grousse Succès, well se um Enn vun dëser Saison an d'2.Divisioun gefall sinn.

1959 bis 1967[änneren | Quelltext änneren]

1959 ass eng ausseruerdentlech Erfollegsperiod ugaangen. Vun 1958 bis 1964 huet den Trainer Jim Kremer de Grondstee geluecht fir all spéider Succèsen an der Geschicht vum FC Avenir Beggen. Nodeem d'1. Ekipp de Championnat an der 2.Divisioun gewonnen huet, ass se och Champion vun der 1.Divisioun ginn (1960) an an déi deemoleg Éierepromotioun opgestigen, dat am Joer 1962. Den Avenir Beggen war erëm an der héchster Spillklass.

Nom Ofstig 1964 si se just eng Saison ënne bliwwen an direkt erëm opgestigen an hu vun 1965 onënnerbrach bis 2006 an der Nationaldivsioun gespillt. 1960 an 1963 ass d'1. Ekipp bis an d'Véierelsfinall vun der der Coupe de Luxembourg komm.

D'Junioren hunn 1959 de Championnat an der 2. Divisioun gewonnen a sinn an d'héchst Spillklass opgestigen. 1960 hunn d'Juniore fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe Prince Jean gewonnen, an dat mat 2-0 géint d'US Diddeleng. 1965 hu si dee Succès widderholl mat dem selwechte Resultat géint den SC Téiteng.

1959/60 huet fir d'éischt eng Scolaires Ekipp vum Avenir Beggen e komplette Championnat gespillt. 1961, 63, 64 an 65 hu si den Distriktschampionat gewonnen an 1964 ware se och Vainqueur vum "Challenge Gustave Jacquemart".

Vun 1960 bis 1962 goufen um Stade Emile Metz-Tesch eng iwwerdeckt Tribün a Gradine gebaut, ausserdeem gouf och d'Flutliicht installéiert. Déi erfollegräich Period gouf 1965 mat de Festlechkeeten zum 50. Anniversaire vum Club gekréint.

D'1. Ekipp huet d'Saison 1965/66 op der 6.Plaz an der National Divisioun ofgeschloss. Mä den absolutten Héichpunkt an där Saison war den Doublé vun de Junioren (Coupe a Championnat). De Marc Boreux gouf 1966 neien Haapttrainer an an där Saison gouf d'1. Ekipp 8. am Championnat an d'Reserven hunn de Championnat an der 2. Divisioun gewonnen.

1967 bis 1975: Fir d'éischt Kéier Lëtzebuerger Champion[änneren | Quelltext änneren]

No enger 7. Plaz an der Saison 1967/68 ass de FC Avenir 1969 fir d'alleréischt Kéier a senger Geschicht Lëtzebuerger Champion ginn. Et war een onvergiesslechen 3-1 Auswärtserfolleg iwwer d'Jeunesse, virun iwwer 6000 Leit, deen de Championnat decidéiert hat. Duerch dëse Succès huet sech d'Ekipp vum Avenir Beggen och fir d'Coupe d'Europe vun de Championen qualifizéiert, an där si géint de groussen AC Mailand gespillt hunn (0-5 zu Mailand, 0-3 an der Stad Lëtzebuerg). Donieft hu si d'Halleffinall vun der Coupe erreecht.

D'Saison duerno gouf Beggen just 7. an nach e Joer méi spéit si se 4. ginn. De Championnat vun de Reserve gouf 1972 gewonnen, an d'1. Ekipp huet an deem Joer d'5. Plaz an der Nationaldivisioun beluecht. No där Saison huet den Trainer Marc Boreux no 6 Joer de Club verlooss.

Den Henri Cirelli war säi Successeur. D'Juniorsekipp huet 1973 eng weider Kéier d'Coupe du Prince gewonnen, a se goufen 2. am Championnat. D'1. Ekipp huet an där Saison déi 8. Plaz beluecht wärend d'Reserven ofgestige sinn.

Am Ufank vun den 1970er Joren hunn eng Rei Jugendekippe vum FC Avenir un internationalen Tournoien ausserhalb vu Lëtzebuerg deelgeholl, speziell a Südfrankräich, déi op engem relativ héijen Niveau gespillt gi sinn. Dëst gouf dem Avenir Beggen e gudde Ruff a vum 17. bis 23. August 1973 huet de Club och sou een Tournoi organiséiert. Et hunn Ekippen aus Marokko a vu Korsika deelgeholl, sou wéi Ekippe vun Nice, Cannes an Audun-le-Tiche.

D'Saison 1973/74 huet d'1. Ekipp fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe-Finall erreecht. Dëse Match gouf 1-4 géint d'Jeunesse Esch verluer. Trotz dëser Defaite huet Beggen sech fir d'Coupe des Coupes qualifizéiert, well d'Jeunesse och Champion ginn ass.

De Géigner an der 1.Ronn hätt solle Paralymni Famagusta vun Zypern sinn. Mä duerch déi deemoleg politesch Kris op Zypern huet déi Ekipp decidéiert net unzetrieden an doduerch ass Beggen direkt an d'2. Ronn weiderkomm. Do si se op de Roude Stär Belgrad getraff (1-6 zu Beggen, 1-5 zu Belgrad). E weideren Highlight vun där Saison war den 2. Gewënn vum Championnat vun de Junioren.

1974/75 huet Beggen sech fir d'UEFA-Cup qualifizéiert no der 2. Plaz am Championnat.

1975 bis 1985: Eng éischt Period mat groussen Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. September 1975 hat den Avenir Beggen e Frëndschaftsmatch géint d'Profie vum FC Metz gespillt an 0-4 verluer. E weidere sportlechen Héichpunkt an dësem Joer vum 60.Anniversaire war déi éischt Participatioun bei der UEFA Coupe, wéi Beggen géint den FC Porto gespillt huet (0-7 auswäerts, 0-3 doheem). Mä de Championnat ass ganz schwéier ginn an et huet laang gedauert bis et sécher war, datt d'Ekipp net géif ofsteigen.

D'Saison duerno (1976/77) ass de Josy Kirchens Trainer ginn, mä no kuerzer Zäit gouf hien duerch de Georges Krecké ersat. D'1. Ekipp gouf 5. an där Saison an d'Reserve sinn an hirem Championnat an der 4.Divisioun Champion ginn an opgestigen.

Eng Saison méi spéit war et erëm en haarde Kampf géint den Ofstig a Beggen hat just 1 Punkt Virsprong op déi 2 Ofsteiger, d'Spora an d'Stade Diddeleng. Mä dat wichtegst Evenement an där Saison 1977/78 war d'ausseruerdentlech Generalversammlung, an där, nieft anere Saachen, en neien Comité gewielt gouf: de "berüümte" Comité ronderëm den Théo Mersch als President huet zanter deemools nëmme wéineg geännert.

An der Saison 1978/79 ass d'Ekipp op d'4. Plaz am Championnat komm an d'Junioren hunn hiren 2.Championstitel gefeiert. Den neien Trainer fir d'Saison duerno war de Willy Macho, en Éisträicher. De Michel Clement gouf Kotrainer. Duerch verschidden Ännerungen am Spillerkader ass den erwaarte Schratt Richtung iewescht Regioune vun der Tabell ausbliwwen (8.Plaz). De Supporter-Club "Allez Beggen" huet säin 20. Anniversaire am August 1979 gefeiert, wou si en Tournoi mat den Ekippe vun de Red Boys Déifferdeng, Olympique Äischen, Etzella Ettelbréck an dem FC Avenir Beggen, organiséiert hunn.

Den neien Trainer fir d'Saison 1980/1 war de Jean Bettinger. D'Ekipp déi hien trainéiert hat, huet sech staark verbessert an ass zum Schluss och Fënneft ginn. Een negative Punkt an där Saison war den Ofstig vun de Junioren.

An der Saison 1981/82 huet de Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, Camille Polfer, den 1.August 1981 den neien Stadion an der Henri-Dunant-Strooss ageweit. D'Profisekippe vu Borussia Mönchengladbach a vum FC Metz hu fir déi Occasioun e Galamatch gespillt. Iwwer 3000 Leit ware fir dee Match op den neien Terrain komm, deen 3-1 vu Mönchengladbach gewonne gouf. Eng Woch méi spéit gouf den offiziellen "Tournoi d'inauguration" gespillt, deen den FC Avenir an der Finall 4-1 géint de Progrès Nidderkuer gewonnen huet. No der Saison huet de FC Avenir Beggen säin 2.Championstitel an der Veräinsgeschicht gefeiert, mat engem Avantage vu 4 Punkten op Nidderkuer a 7 Punkten op d'Jeunesse.

Déi wichtegst Matcher am Ufank vun der Saison 1982/83 waren déi international Matcher am Europacup géint Rapid Wien (0-5 zu Beggen, 0-8 zu Wien). An déi Resultater hunn de Club zimmlech geschockt. Trotzdeem huet d'Ekipp wärend der Saison zeréckgeschloen an um Schluss fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe de Luxembourg gewonnen an déi 2.Plaz am Championnat erreecht.

Fir d'Saison 1983/84 gouf de Paul Philipp Spiller-Trainer zu Beggen. Eng weider wichteg Verstäerkung war d'Verflichtung vum Jemp Girres, dee vun der Union op Beggen gewiesselt ass. Um Enn vun där Saison huet den Avenir Beggen d'Lëtzebuerger Foussballwelt dominéiert: si hunn d'Coupe an de Champion gemaach a war domat eng vun deene 7 eenzegen Ekippen, déi jee en Doublé gewonnen hunn. Donieft gouf den Armin Krings Torschützekinnek mat 26 Goler an der National Divisioun.

Natierlech war d'Saison 1984/85 schwéier wéinst dem Drock deen dunn op de Schëllere vun de Spiller louch, no all deenen Titelen déi an der Saison virdru gewonne gi sinn. Déi Kéier gouf Beggen "just" 3. am Championnat an huet sech fir d'UEFA-Coupe qualifizéiert. Den Armin Krings hat erëm déi meescht Goler an der National Divisioun geschoss an um Enn vun der Saison huet de Paul Philipp de Veräi verlooss fir Nationaltrainer ze ginn.

1985 bis 1990[änneren | Quelltext änneren]

Uganks der Saison 1985/86 huet de Michel Clement d'Successioun vum Paul Philipp iwwerholl. Säin Assistent gouf den Ungar Lajos Subits, deen och de Poste vum Sportdirekter am Club iwwerholl huet. D'Ekipp gouf mat de Lëtzebuerger Nationalspiller Théo Malget an Hubert Meunier verstäerkt, sou wéi vum jonken Däitschen Thomas Wolf. D'Saison konnt mam Gewënn vum 4. Championstitel an der Veräinsgeschicht ofgeschloss ginn. Den Armin Krings war erëm de beschte Golgetter an der Nationaldivisioun mat 25 Goler. Just d'Reserven hu méi eng schlecht Saison gespillt. Si sinn ofgestigen.

Fir d'Saison 1986/87 sinn zwéin nei Spiller op Beggen komm: de Martin Jank an de Fred Schreiner. Enn August '86 gouf en internationalen Tournoi am Stade rue Henri Dunant gespillt. Nieft der Heemekipp hunn d'Reserve vu Borussia Mönchengladbach a vum 1. FC Köln matgespillt, an den SC Birkenfeld. Um Enn vun dëser Saison ass den Avenir Beggen Zweeten am Championnat ginn, a si hunn d'Coupe gewonnen andeems se an der Finall den Drëtte vum Championnat, d'Spora Lëtzebuerg, mat 6-0 iwwerrannt hunn. Den Armin Krings war erëm Torschützekinnek vun der Saison mat 24 Goler.

1987/88: De System wéi de Championnat gespillt gëtt, gouf déi Saison geännert. De Play-Off-System no der regulärer Ronn gouf agefouert. Dräi nei Spiller hu fir déi Saison zu Beggen ënnerschriwwen: de Lex Wilhelm, den David Wynn an de Jean Mond. Wärend der Saison ass de Michel Clement aus perséinleche Grënn als Trainer zeréckgetrueden an hie gouf vum Jean-Marie Nürenberg ofgeléist. D'1. Ekipp gouf erëm Zweet am Championnat an och Zweet an der Coupe (0-1 Defaite an der Finall géint d'Jeunesse). Déi Beggener ware glécklech datt si sech konnte fir d'Coupe des Coupes qualifizéieren, well d'Jeunesse och Champion gi war. D'Reserven sinn déi Saison alt erëm ofgestigen.

An der Saison 1988/89 ass de Louis Pilot, neien Trainer zu Beggen ginn. Hie konnt op net manner wéi 7 nei Spiller zielen. Déi wichtegst Matcher waren déi zwee Matcher an der Coupe d'Europe géint de KV Mechelen (FC Malines) (0-5 zu Mechelen, 1-3 zu Lëtzebuerg). Nom Championnat war Beggen op der véierter Plaz vun de Play-Offen an d'Coupe-Finall gouf erëm verluer, dës Kéier 0-2 géint d'Union um Terrain vun der Aris Bouneweg, wou d'Finall ausgedroe gouf well de Stadion op der Areler Strooss ëmgebaut gouf. Dat war déi éischt Saison zanter 1982 an där Beggen sech net fir eng international Kompetitioun qualifizéiert hat.

Fir d'Saison 1989/90 hunn den Hubert Meunier an de Gilbert Dresch (dee bal 15 Joer zu Beggen gespillt hat) de Club verlooss. Si goufen duerch d'Fransousen Daniel Ferrassini a Mustapha Malek, an duerch de lëtzebuergeschen Internationalen Carlo Weis ersat. Bis bal un d'Enn vun der Saison huet et ausgesi wéi wa Beggen kéint den Doublé gewannen, mä de 75.Anniversaire vum Club war an ee schlecht Liicht geroden duerch eng intern Kris am Club, déi als Resultat hat, datt de Louis Pilot erausgehäit gouf a séier duerch den Albert Adams ersat gouf. Mä duerch dëst huet d'Ekipp d'Selbstvertraue verluer an den alles entscheedende Match zu Beggen géint Union gouf 0-1 verluer, an dat virun iwwer 3000 Leit, déi sech vill erwaart hate fir dann déif enttäuscht ze ginn. E puer Deeg méi spéit huet Beggen dunn och nach an der Halleffinall vun der Coupe 2-4 zu Hesper verluer. Deen eenzege positive Punkt vun dëser Saison war d'Qualifikatioun fir den UEFA Cup.

D'90er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Déi Qualifikatioun fir den UEFA Cup huet Inter Bratislava aus der Slowakei als Géigner op Beggen bruecht an d'Saison huet optimal ugefaangen, well déi 2-1 am éischte Match konnte geschloe ginn. Déi Victoire war eppes wéi den Europäeschen Ufank fir de FC Avenir. Obschonn de Réckmatch zu Bratislava mat 0-5 verluer gaangen ass an d'Ekipp sech an där Saison net fir eng international Kompetitioun konnt qualifizéieren - duerch Nowierkunge vun de Problemer an der Saison virdrun - hu s et fäerdeg bruecht ë bësse Lëtzebuerger Foussballgeschicht an de kommende Joren ze schreiwen. 1992 hu se d'Coupe gewonnen andeems d'Spora mat 6-0 ofgefäerdegt gouf a se hu sech fir d'Coupe des Coupes (déi et haut net méi gëtt) qualifizéiert. An der éischter Ronn si se op B36 Thorshavn vun de Färoerinsele gefall, e Géigner op zimmlech dem selwechten Niveau wéi Beggen. An sou hu si sech fir d'2.Ronn qualifizéiert, 2-1 am zesummegerechente Resultat vun deenen 2 Matcher. Mä déi nach méi grouss Sensatioun koum dunn eng Ronn méi spéit: Beggen ass mat engem 0-0 an der Täsch vu Moskau heemkomm, wou se géint Spartak gespillt haten. Leider si se dunn erëm séier op de Buedem vun den Tatsaachen ukomm, wéi s'am Réckmatch zu Beggen 1-5 verluer hunn. D'Saison 1992/93 huet um Enn den zweeten Doublé an der Veräinsgeschicht mat sech bruecht andeems de Championnat gewonne gouf an natierlech d'Coupe an der Finall géint den F91 Diddeleng. Zeréck an Europa huet Beggen just mat knappse Resultater erëm zweemol verluer, an zwar géint Rosenborg Trondheim (0-1 doheem, 0-2 auswäerts). Mä dat huet de Club net opgehale fir den "duebelen Doublé" ze realiséieren, d. h. an der Saison direkt duerno huet e seng 2 Titele verdeedegt an domat 2 Doubléen an der Zäit vun 2 Joer gewonnen. Dobäi gouf de F91 an der Coupe-Finall geschloen. Mä déi Kéier hat en absolut keng Chance an der Qualifikatioun fir d'Champions League. Galatasaray Istanbul huet de Wiichtelcher eng Lektioun ginn, wéi ee Foussball spillt, a Beggen gouf 5-1 doheem a 4-0 auswäerts geschloen.

An der follgender Saison 1994/95 konnt dee gudde Laf vun 3 Coupen an 2 Championstitelen hannereneen net weidergeféiert ginn an den Avenir huet sech "just" fir den UEFA Cup qualifizéiert. No engem 0-0 Gläichspill zu Örebro a Schweden Am Heemmatch huet den Avenir an der 30. Minutt den 1-0 geschoss, awer de Markus Krahen krut eng rout Kaart, Örebro huet ausgeglach an et huet geschéngt wéi wann alles eriwwer wier. Eréischt Deeg méi spéit huet en UEFA Geriicht confirméiert datt Örebro SK véier net-schweedesch Spiller agesat hat an hiren 1-1 "Succès" ass an en 3-0 Forfait-Succès fir Beggen gedréit ginn an den Avenir ass domat eng Ronn weiderkomm. An der nächster Ronn huet den Avenir Beggen géint den RC Lens aus Frankräich gespillt. Beggen ass zweemol ferm ënner d'Rieder komm (0-6 auswäerts, 0-7 doheem).

Déi nächst Jore bis d'Saison 1999/2000 waren all zimmlech enttäuschend. Just 1998 si se nach eng Kéier an d'Coupe-Finall komm, an hunn do 0-2 géint den CS Gréiwemaacher verluer. 2000 hu s et fäerdeg bruecht fir sech an den nei agefouerten Titel-Play-Offen ze qualifizéieren, mä do hu se véier vu sechs Matcher verluer, wat och weiderhi bedeit huet datt Beggen net international konnt spillen.

2000 bis 2006[änneren | Quelltext änneren]

An alle Saisone bis 2005 inklusiv huet sech d'Ekipp net fir den Titel-Play-Off konnte qualifizéieren, meeschtens hu se souguer bis déi lescht Spilldeeg géint den Ofstig gekämpft. Deen eenzegen Highlight war de Gewënn vun der Coupe de Luxembourg 2002, wéi Beggen an d'Finall géint Diddeleng komm ass. Entgéint allen Erwaardungen huet Beggen d'Resultat bis an d'Nospillzäit gehalen. De leschte Corner, de leschte Schoss an deen ass laanscht den Diddelenger Golkipper gaangen a Beggen hat hir siwent Coupe an der Veräinsgeschicht sécher a fir eng Saison sollt Beggen en internationale Comeback hunn - a wéi! Si haten d'Gléck Ispwich Town aus England zougeloust ze kréien! Dëst sollt déi éischt Kéier ginn, datt Beggen enger brittescher Ekipp an enger europäescher Kompetitioun géintiwwer sollt stoen. Wéi erwaart ass Beggen erausgeflunn (0-1 doheem, 1-8 auswäerts), mä déi finanziell Recette goufe séier verbraucht. Wéi 2004 de Comité ënner der Leedung vum Jean Hansen de Veräin iwwerholl huet, hat de FC Avenir Beggen iwwer 320000 Euro Scholden. Dësem Comité ass et gelong, dës Scholden komplett ofzebauen, soudatt de Veräi bannent e puer Joer scholdefräi war. Nodeems d'Wichtelcher an de Joren virdrun dacks spéit konnten de Maintien sécheren – sollt dëst 2006 net geléngen an den Avenir Beggen ass fir d'éischte Kéier no 41 Joer an d'Éierepromotioun gefall.

2006 bis 2011[änneren | Quelltext änneren]

Den Openthalt an der Éierepromotioun sollt just ee Joer daueren. 2007 ass Beggen rem opgestiegen a konnt d'Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg erreechen. An der Saison drop ass dem Avenir Beggen dunn an der Nationaldivisioun, der deemoleger Fortis League, eng fënneft Plaz gelong. Am Summer 2008 sollten awer eng Rei Stammspiller de Veräi verloossen, soudatt de FC Avenir déi Saison drop mat nëmmen 13 Punkten aus 26 Matcher ofgestiegen ass.

D'Saison 2009/2010 huet Beggen als 9. ofgeschloss, ier d'Wichtelcher 2011, no iwwer 50 Joer, fir d'éischte Kéier de Gang an d'Drëttklassegkeet huet missen untrieden.

2011 bis haut[änneren | Quelltext änneren]

Wéi op der Generalversammlung am Summer 2011 ugekënnegt gouf, sollt den Ofstieg an d'éischt Divisioun als Chance benotzt ginn, fir konsequent op d'Jugend ze setzen. Dëss Ambitioun ass och duerch d'Grënnung vun enger Commission des Jeunes ënnerstrach ginn. An dësem Summer 2011, grad wéi och an de Joren drop, gouf dann zu Beggen och e grousse Jugendtournoi organiséiert, wou sech d'Beggener Nowuessspiller net just mat hiren Alterskolleegen hei aus dem Land, mä och mat internationaler Konkurrenz wéi zum Beispill Cambridge United oder RW Oberhausen, konnte moossen. Zwee Joer méi spéit grënnt de FC Avenir e Centre de Formation.

D'éischt Ekipp vu Beggen huet iwwerdeems an der éischter Saison an der 1.Divisioun eng véiert Plaz am Südbezierk gemaach an ass domat och erëm an der Saison 2012/2013 an der 1.Divisioun ugetrieden. Fir em den Opstieg matzespillen huet et der jonker Ekipp u Konstanz gefeelt, soudatt um Enn vun der Saison eng 5.Plaz an der Tabell stoung. Op der Generalversammlung vum 13.Juli 2013 ass de Jean Hansen no 9 Joer als President aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden - a just puer Minutten no senger Démissioun vun der Generalversammlung zum Eirepresident ernannt ginn. Säin Nofollger als President ass den Damien Raths, deen direkt a senger éischter Ried als President vum Avenir kloer ënnerstrach huet, de Veräin zeréck an d'BGL Ligue wëllen ze féieren.

An der Saison 2013/2014 trëtt Beggen rem an der 1.Divisioun un, dëss Kéier awer am Nordbezierk. Den 1.Dezember 2013 geléngt dem Avenir an der Coupe de Luxembourg eng Sensatioun: de Champion Fola Esch gouf an der Dunantsstrooss am Elefmeterschéissen eliminéiert. Am Championnat huet den Avenir op Plaz 2 iwwerwantert an d'Saison schlussendlech op der 3.Plaz ofgeschloss, soudatt den Opstieg an d'Eirepromotioun leider knapps verpasst gouf. Aktuell spillt d'Equipe an der éischter Divisioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: FC Avenir Beggen – Biller, Videoen oder Audiodateien