Théo Malget
Ausgesinn
| Théo Malget | |
|---|---|
| Gebuer |
2. Mäerz 1961 Wolz |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
| Veräin/Ekipp |
FC Wolz 71, Avenir Beggen, FC Wolz 71, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
| Famill | |
| Kanner | Kevin Malget |
|
| |
Den Théo Malget, gebuer den 2. Mäerz 1961 zu Wolz, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] a Kriminellen.
Tëscht dem 27. Abrëll 1982 am 27. Oktober 1993 huet den Théo Malget a 47 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp dräi Goler geschoss[2].
Hien huet vun 1981 bis 1985 fir den FC Wolz 71 gespillt, duerno war hie vun 1985 bis 1987 beim Avenir Beggen. An der Saison 1987/88 war hie beim 1. FC 08 Birkenfeld an duerno nees vun 1988 bis 1995 beim FC Wolz 71[3].
Säi Jong Kevin ass och Foussballspiller.
Hien ass am Januar 2013 zu 5 Joer Prisong, dovun 3 mat Sursis, wéinst Bedruch, Fälschung vun Dokumenter a Verontreiung vu friemem Kapital verurteelt ginn[4].
