Diskussioun:FC Avenir Beggen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dësen Artikel ass eng 1:1 Kopie vun der Website vum Avenir Beggen. --Pecalux 17:04, 20 Dezember 2006 (UTC)

Effektiv. Do steet (op der Säit "Iwwer dës Homepage"): "Copyright Avenir Beggen" an: "Et ass erlaabt Inhalter vun dësem Site fir privat an onkommerziell Zwecker ze notzen, nodeems der de Webmaster iwwer Är Intentioun an d'Bild gesaat huet." Do hu mer 2 Probleemer mat dësem Artikel: De user:Wichtel misst eis fir d'éischt emol confirméieren, dass hien de Webmaster vun deem Site "an d'Bild gesat" huet (oder selwer ass?). Mee och da bleift de Probleem, dass d'Conditiounen um Wichtel-Web net compatibel mat der GNU-Lizenz vun der Wiki sinn, déi onageschränkte Gebrauch (also och dee kommerziellen) ausdrécklech erlaben (muss).
Ech fäerten, den Text muss deemno staark iwwerschafft a gekierzt ginn, datt et net méi eng Kopie ass, mee eng eegen Aarbecht op Grondlag vun deem op Wichtel-Web.
--Zinneke 20:29, 20 Dezember 2006 (UTC)

eriwwercopéiert vum user:wichtel senger Talksäit[Quelltext änneren]

Copyrightproblemer[Quelltext änneren]

Kuck emol w.e.gl. D'Diskussiounssäit vum Artikel Avenir Beggen. --Zinneke 20:37, 20 Dezember 2006 (UTC)

Also, ech bestätegen heimatt (Paul Krier aus der Stad alias Wichtel), datt ech (Webmaster an Comitlsmember vum Avenir Beggen) selwer eng 1 zu 1 Kopie vum Wichtel Web an d'Lëtzebuerger Wikipedia gesaat hun. Firwaat en anstännegen Text ofänneren hun ech mer geduet. Zemols well an der däitscher Wiki schon säit méi laangem eng rédigéiert Versioun vun engem aanere user online ass hun ech mer geduet, et wier och emol Zäit datt eise Club an der Lëtzebuerger Versioun optaucht.

Domat wier deen 1. Punkt vu menger Fro beäntwert. Zum 2.: Ech zitéieren nëmmen dat, wat um Site vum Avenir steet a wat d'Regelen op der Wiki sinn. Deemno: Wann s d'en Text vun deem Site heihisëtz, confirméiers de den Auteur ze sinn, an dass jiddereen dermat maache kann, wat e wëll (e muss just als Quell Wikipedia uginn). Mat de Widdersprëch, wat d'Lizenzen ugeet, muss de da selwer eens ginn... --Zinneke 22:14, 20 Dezember 2006 (UTC)

Ass alles kee Problem - ech hun dee ganzen Text schon virun enger Zäitchen selwer aus diversen Brochüren, Bicher asw. zesummegestalt. D.h. ech sin den Auteur!