Camille Polfer

Vu Wikipedia
Camille Polfer
Gebuer 21. November 1924
Namouer
Gestuerwen 19. Mäerz 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Nanzeg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei
Famill
Kanner Lydie Polfer

De Camille Polfer, gebuer den 21. November 1924 zu Namouer a gestuerwen an der Stad Lëtzebuerg den 19. Mäerz 1983, war e lëtzebuergesche Professer a Politiker.

Säi Papp hat d'Geschäft Les Échos zu Réisseng a Frankräich, an dofir huet hie seng Primärschoul do gemaach. 1939 koum hie mat senger Famill op Lëtzebuerg zeréck a si hunn zu Buerglënster gewunnt. Säi Secondaire huet hien zu Iechternach gemaach. Hie war déi Zäit e ganz aktive Sportler. Seng éischt Foussballslizenz hat hie beim FC Jeunesse Jonglënster. Wéi de Club wärend dem Krich net méi aktiv war, huet säi Sportsprofesser, de René Bauler, hien an der Stater Union ugemellt. Zur selwechter Zäit war hien an der Liichtathleetik-Sektioun vun der Spora Lëtzebuerg. Do ass hien haaptsächlech mat Erfolleg Cross country a 400 Meter gelaf. No senger Karriär als aktive Sportler war hie Foussballstrainer zu Gréiwemaacher, Walfer, Bouneweg bei der Aris a bei der Fola Esch. Him zu Éieren ass och de Stadion Camille Polfer benannt, de Stadion op deem d'Aris Bouneweg hir Heemspiller ausgedroen hat. Virun allem war hien och ee vun den Haaptleit bei der LASEL.

Am Krich koum hien an den Arbeitsdienst um Bismarckhügel am Krees Labiau an Ostpreisen an duerno als Zwangsrekrutéierten an d'Wehrmacht a Russland, wou hien och duerno a russescher Gefaangenschaft war.

Nodeem hien erëm zu Lëtzebuerg war, ass hien op Nanzeg an den Institut Régional d'Éducation Physique studéiere gaangen a krut do säin Diplom als Sportsprofesser.

De Camille Polfer krut seng Nominatioun als Sportprofesser am Jongelycée vun Esch de 27. Dezember 1950, vu wou hien 1959 an d'Industrieschoul um Lampertsbierg gewiesselt huet. Am Mäerz 1969 gouf hie Sportskommissär als Nofollger vum René Van Den Bulcke.

1969 koum hien als Conseiller an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Hien huet do de Gaston Thorn ersat, dee Minister an der Regierung Werner-Schaus II gouf. Zéng Méint méi spéit gouf de Camille Polfer Schäffen.

Enn 1980 gouf hie Buergermeeschter andeems hien d'Nofolleg vun der Colette Flesch ugetrueden huet. D'Colette Flesch huet de Gaston Thorn, dee President vun der Europäescher Kommissioun gouf, an der Regierung ersat.

Bei de Gemengewalen am November 1981 krut de Camille Polfer déi meescht Stëmmen, huet awer duerno aus gesondheetleche Grënn senger Duechter Lydie Polfer, déi zweetgewielt war, d'Mandat vum Buergermeeschter iwwerlooss. A seng Plaz vun de Gemengeréit ass den Alain Prost nogeréckelt.

Fir un hien z'erënneren ass 1997 um Zens eng Strooss no him genannt ginn: d'Rue Camille-Polfer[1].

Virgänger:
Colette Flesch
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1980 - 1982
Nofollger:
Lydie Polfer

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rue Camille Polfer an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020