Cross country

Vu Wikipedia

Cross-country-Laf, och Cross-Laf oder einfach Cross, ass eng Disziplin am Lafen. Si huet eng laang Traditioun a gëtt zu de Laangstreckeleef gezielt. Et gëtt tëscht normalem Cross a Sprintcross ënnerscheet.

Crosslaf gëtt, wéi den Numm et scho seet op enger Wiss oder op Bëschweeër gelaf. De Parcours gëtt mat Hënnernesser méi schwéier gemaach. Déi Hënnernesser mussen awer ze bewältege sinn, an zwar sinn dat: Plazverhältnesser (Bulli), Profil vun der Streck (géi Koppen, wéi z. B. beim Eurocross) oder Hürden an Trapen.

Crosslaf erfuerdert Ausdauer, Vitess, mental Stäerkt an Duerchhalverméigen. Crosslaf gëtt am Wanter praktizéiert an ass en Deel vum Olympesche Fënnefkampf. D'Championater ginn am Februar/Mäerz ausgedroen.

Cross ass och gutt, fir sech op d'Pistesaison virzebereeden.

Distanzen[änneren | Quelltext änneren]

  • U12 (M+F): <1000m
  • U14 (M+F): <2000m
  • U16 (M/F): <3000m/<2800m
  • U18 (M/F): <5000m/<2800m
  • U20 (M/F): zirka 8000m / zirka 6000m
  • Männer/Fraen: zirka 12000m / zirka 8000m

Cross country zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Cross Country ass och zu Lëtzebuerg eng populär Sportaart. Fir dat ganzt méi interessant ze maachen, ginn al Joer 7 Crosser a Lëtzebuerg gelaf. Déi beschte Leefer kréie Punkten, déi zu engem Generalklassement zesummegezielt ginn, dem Challenge Peters Sports.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]