Op den Inhalt sprangen

Réisseng

Vu Wikipedia
Russange
lb: Réisseng

Land Frankräich
RegiounGrand Est
Departement Moselle
ArrondissementThionville
Kanton Algrange
Postcode 57390
Gemengecode 57603
Koordinaten 49° 28’ 54’’ N
      05° 57’ 15’’ O
Fläch  346 ha
Bevëlkerung  1.068 (2005)

Russange (Réisseng op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, hanner Esch-Belval direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg.

Den Uert ass laanscht e Kiem entstanen, wéi verschidden Iwwerreschter beweisen. Am Mëttelalter war e vun der Seigneurie vun Däitsch-Oth ofhängeg an als solch en Deel vun der Provënz vum Barrois. Am 19. Joerhonnert du gouf e wéi de Rescht vun der Regioun vu Minièren an der Eisenäerzindustrie markéiert.

Bevëlkerungsentwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
Joer       Awunner
19621108
19681163
19751128
19821036
19901026
19991068

Persounen déi mat Réisseng ze dinn hunn

[änneren | Quelltext änneren]
  • De Camille Polfer huet en Deel vu senger Jugend zu Réisseng verbruecht, seng Elteren haten do d'Geschäft Les Échos.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • D'Kierch Saint-Luc vu 1742