Herzogtum Bar

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Barrois)

D'Grofschaft Bar, spéider Herzogtum Bar, ass am 10. Joerhonnert vum Ferry d'Ardennes, Brudder vum Metzer Bëschof Adalbero, gegrënnt ginn.

D'Gebitt huet am Weste vum Kinnek vu Frankräich ofgehaangen (Barrois mouvant), an am Oste vum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun (Barrois non mouvant), och wann iwwerall déi selwecht romanesch Kultur dominéiert huet.

Wichtest Stied am Herzogtum Bar waren: Bar-le-Duc (Haaptstad), Pont-à-Mousson, Briey a Lonkech.

1419 ass d'Herzogtum Bar de facto un d'Herzogtum Loutrengen ugeschloss ginn an huet vun do un d'Schicksal vum leschtgenannten Herzogtum gedeelt. Sou ass d'Herzogtum Bar, nom Doud vum Herzog vu Loutrengen a fréiere Kinnek vu Polen Stanislas Leszczynski, deen de Schwéierpapp vum Louis XV. vu Frankräich war, 1766 mam Herzogtum Loutrengen u Frankräich gefall.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • H. Thomas, Zwischen Regnum und Imperium. Die Fürstentümer Bar und Lothringen zur Zeit Kaiser Karls IV.; in: Bonner historische Forschungen, Bd. 40, 1973.
  • Abbé D. Mathieu, L'Ancien Régime dans la province de Lorraine et Barrois d'après des documents inédits (1698-1789); Paräis (Hachette & Cie), 1879.
  • Jean Vartier, Histoire de la Lorraine; Paräis (France-Empire), 1994. ISBN 2-7048-0741-8
  • Histoire de la Lorraine a 7 Bänn (ënner der Leedung vum Guy Cabourdin), Metz (Éditions Serpenoise), 1991 :
    • (Bd. 3) Michel Parisse, L'époque médiévale; 264 S. ISBN 2-87692-050-6
    • (Bd. 4) Guy Cabourdin, Les temps modernes - 1. De la Renaissance à la guerre de Trente ans; 264 S. ISBN 2-87692-080-8
    • (Bd. 5) Guy Cabourdin, Les temps modernes - 2. De la paix de Westphalie à la fin de l'Ancien Régime; 236 S. ISBN 2-87692-086-7
  • René Bastien, Histoire de la Lorraine; Metz (Serpenoise), 1995. ISBN 2-87692-088-3

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]