Pont-à-Mousson

Vu Wikipedia
Pont-à-Mousson
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Nanzeg
Kanton Pont-à-Mousson
Koordinaten 48° 54’ 19’’ N
      06° 03’ 17’’ O
Bevëlkerung  14.592 (1999)
D'Musel zu Pont-à-Mousson

D'Musel zu Pont-à-Mousson
D'Musel zu Pont-à-Mousson

Pont-à-Mousson ass eng franséisch Stad an der Regioun Grand Est, Chef-lieu vum Kanton Pont-à-Mousson am Departement Meurthe-et-Moselle. Se läit op der Musel, am Süde vu Metz. Hir Awunner ginn op Franséisch Mussipontains genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 10. Joerhonnert hunn d'Häre vu Mousson, déi och Grof vu Bar waren, eng Bréck iwwer d'Musel baue gelooss. Hei ass geschwënn eng Stad entstanen. 1353 huet de Karel IV. d'Stad zu enger Maarkgrofschaft gemaach, mam Robert I. vu Bar als Markkgrof. Duerno goung Pont-à-Mousson un d'Grofe vun Anjou, méi spéit un d'Herzogtum Loutrengen (1480).

1572 huet de Kardinol Charles vu Loutrengen do eng Universitéit gegrënnt, déi vu Jesuitte geleet gouf. Am 17. Joerhonnert waren eng 2.000 Studenten ageschriwwen. 1768 gouf d'Universitéit op Nanzeg verluecht.

Wéinst senger strategescher Lag am Grenzland huet Pont-à-Mousson a Kricher schwéier ze leide gehat: Am Drëssegjärege Krich gouf et komplett zerstéiert, 1870 emkämft, am Éischte Weltkrich war d'Stad an hir Ëmgéigend Theater vu schroe Schluechten, an och am Zweete Weltkrich gouf hei, ir se 1944 vum Generol George S. Patton senger 3. Arméi befreit gouf, nach eng Kéier emkämft.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pont-à-Mousson – Biller, Videoen oder Audiodateien