Jean-Paul Girres
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Jemp Girres)
Jean-Paul Girres | |
---|---|
Gebuer |
6. Januar 1961 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Veräin/Ekipp | Union Lëtzebuerg |
De Jean-Paul Girres, dacks Jemp Girres, gebuer de 6. Januar 1961 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Tëscht dem 10. September 1980 am 28. Oktober 1992 huet de Jemp Girres an 58 Matcher 2 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp geschoss.[2]
Hien huet vun 1977 bis 1983 fir d'Union Lëtzebuerg gespillt. Vun 1983 bis 1991 war hie beim Avenir Beggen a seng lescht Saison huet hien 1991/92 beim Swift Hesper gespillt.[3]