Op den Inhalt sprangen

Kevin Holtz

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kevin Holtz
Gebuer 6. Mäerz 1993
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp FC Etzella Ettelbréck
Famill
Papp Luc Holtz

De Kevin Holtz, gebuer de 6. Mäerz 1993 zu Ettelbréck[Quell?], ass e lëtzebuergesche Foussballspiller op der Mëttelfeldpositioun[1].

De Kevin Holtz huet an der Jugend vum FC Etzella Ettelbréck gespillt a vun 2010 bis 2020 an der Nationaldivisioun 116 Matcher (20 Goler) fir d'Etzella gespillt. An der Réckronn vun der Saison 2012/13 war hien un den FC 72 Ierpeldeng an d'Éeirepromotioun ausgeléint.

Vun 2020 bis 2023 huet hien beim Progrès Nidderkuer gespillt, woubäi hien 2022 eng hallef Saison un den FC Atert Bissen ausgeléint gouf. 2023 ass hien bei den FC Sporting Mäerzeg gewiesselt, huet de Veräin no enger Saison awer erëm verlooss.[2]

Ënnert sengem Papp, dem Nationaltrainer a fréieren Nationalspiller Luc Holtz, huet hien den 2. Juni 2019 ee Lännermatch an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp gespillt.[3][4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Archive copy Archivéiert den 02.06.2019. Gekuckt den 02.06.2019.
  2. (de) Kevin Holtz - Spielerprofil. www.transfermarkt.de. Gekuckt den 18.03.2025.
  3. https://www.rtl.lu/sport/news/a/1356890.html
  4. Lëscht vun de Lännermatcher vum Kevin Holtz op eu-football.info